Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierungsrot decidéiert e Mëttwoch iwwer Ännerungen un Isolement a Quarantän

Ännerungen um Covid-Gesetz

Regierungsrot decidéiert e Mëttwoch iwwer Ännerungen un Isolement a Quarantän

D'Regierung kënnt muer zesumme fir ze decidéieren, ob d'Durée vum Isolement a vun der Quarantän kéinte geännert ginn. Dat sot d'Paulette Lenert de Moien an der Sitzung vun der Chamber-Gesondheetskommissioun, schreift d'Chamber op hirem Internetsite. Wann e Changement géif decidéiert ginn, da géif d'Regierung virun e Freideg een deementspriechenden Amendement proposéieren, zum Gesetzprojet fir d'Upassung respektiv d'Verlängerung bis d'Enn vum Joer vun de Mesurë wéinst der Corona-Pandemie.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


D'Gesetz fir d'Upassung respektiv d'Verlängerung vun de Mesurë wéinst der Corona-Pandemie bis Enn vum Joer soll haut an enger Woch an der Chamber gestëmmt ginn. Dat war no der Sitzung vun der Gesondheetskommissioun haut Dënschdeg gewuer ze ginn. Eng geplangten Ännerung ass jo déi, datt d'Fluchgesellschaften obligéiert ginn, d'Passagéierlëschten direkt un d'Santé ze schécken. D'Direktioun vun der Santé soll dës Donnéeë 14 Deeg no der Collecte anonymiséieren, esou de Virschlag haut vun den Deputéierten.

Dem Rapporter vum Gesetz-Projet, dem Mars Di Bartolomeo no soll d'Regierung muer Mëttwoch zesummekomme fir de leschte Stand vun der Corona-Situatioun ze analyséieren. Dee Moment kéint d'Regierung weider Propose maache "wann déi wëssenschaftlech Fakten dat erlaben", esou de Mars Di Bartolomeo. "Dat géif awer nach en Amendement bedéngen, deen da muer un de Conseil d'Etat géif weidergoen", esou den LSAP-Deputéierten.

Claude Wiseler kritiséiert Zäitdrock

Well de Projet fir d'Upassung respektiv d'Verlängerung vun de Covid-19-Moosname virum 24. September muss gestëmmt ginn, géif doduerch op een neits Zäitdrock entstoen, esou den CSV-Deputéierte Claude Wiseler. Et wier ni gutt, wann d'Parlament ënner héijem Zäitdrock misst schaffen, well sech esou eventuell Feeler an d'Texter aschläichen kéinten, wéi et an der Vergaangenheet scho mol geschitt wier, esou den CSV-Deputéierten. Trotzdeem huet de Claude Wiseler Verständnis dofir, datt een am aktuelle Kontext, an deem all Dag nei Erkenntnisser géifen optauchen, séier misst handelen.

Gesetz soll d'nächst Woch gestëmmt ginn

An der Sitzung vun haut Dënschdeg huet d'Chamberkommissioun den Iwwerleeunge vum Staatsrot Rechnung gedroen, wat Prezisioune beim Dateschutz ugeet. Den deementspriechenden Amendement geet elo zeréck un de Conseil d'Etat. Den zweeten Zousaz-Avis soll dann dëse Freideg vun der Chamberkommissioun ënner d'Lupp geholl ginn an de Rapport zum Projet soll ugeholl ginn, fir datt d'Gesetz haut an enger Woch ka gestëmmt ginn.