Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CGFP kritiséiert déi geplangte Reegelung fir Télétravail am ëffentlechen Déngscht

Staatsbeamten

CGFP kritiséiert déi geplangte Reegelung fir Télétravail am ëffentlechen Déngscht

D'CGFP kritiséiert de Minister vun der Fonction publique op eng relativ sec Aart a Weis. An engem Communiqué huet d'Staatsbeamtegewerkschaft säi Projet fir eng Reegelung vum Télétravail am ëffentlechen Déngscht gëscht zimmlech zerrappt. De Marc Hansen reagéiert verwonnert. Et géif nach guer kee fäerdegen Text ginn, seet hien.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Vu "bornéierter Hoerspléckerei" geet zum Beispill rieds am Schreiwes. Just fir ze soen, wéi een Toun d'CGFP do uschléit. Am leschten Accord salarial wier ofgemaach ginn, den Télétravail an engem Reglement grand-ducal ze reegelen, deen "an enker Zesummenaarbecht" mat der Gewerkschaft sollt ausgeschafft ginn. Mee elo géif deen Dialog scho bei elementaarste Punkten net klappen, sou de CGFP-President Romain Wolff. Wann et beispillsweis géif drëm goen, eng méiglech Zuel vu Wochendeeg am home office an den Text ze schreiwen. D'CGFP wëllt, datt wéinstens een Dag an d'Reglement geschriwwe gëtt, mee dat wier mam Minister Hansen net ze maachen.

Falsch, äntwert de Marc Hansen op Nofro hin. De Problem vun enger Zuel am Text wier, datt e Flexibilitéit ewechhëlt. Wann een Dag do stéing, géif dat der zwee oder nach méi d'Woch ausschléissen, sou argumentéiert de Minister. Méi sollt een dohannert net siche goen.

Bei der CGFP kléngt dat anescht. E weidere Kritikpunkt ass deen, datt Télétravail nëmme vun enger Adress aus méiglech soll sinn, der résidence habituelle. Dat géif awer net bei d'Realitéit an den Alldag vu Patchwork-Famillje passen, sou d'CGFP.

"Do gëtt vun enger fixer Adress geschwat, a bis elo hu mer och do net gemierkt, dass do e grousse Wëlle wär fir dorun eppes ze änneren."

Nach eng Kéier verweist de Minister drop, datt nach näischt fix ass. D'Verhandlunge wieren nach amgaang: "Mir hunn ofgemaach eis virum Summer nach eemol ze gesinn", sou de Marc Hansen.