"Et geet net duer, et ze wëllen"
Eng Steierreform wier eng konkret Mesure, fir géint de Verloscht vun der Kafkraaft virzegoen, esou den Generalsekretär vun der CGFP, de Steve Heiliger. Hien huet ënnerstrach, datt d'Mandats-Period nach net fäerdeg wier, an huet dofir en dréngenden Appell un d'Regierung geriicht, fir séier op fiskalem Plang nach ze handelen.
Doniewent géif d'CGFP grad an dësen Zäiten den Index net a Fro stellen. Et wier ee sozialen Acquis par excellence, esou de Steve Heiliger, un deem dowéinst och net gezweiwelt dierft ginn.
Wat de rezenten Accord salarial ugeet, weist sech d'CGFP wéi erwaart zefridden. Ausserdeem hätten hir 21 vun 22 Sëtz an der Chambre des Fonctionnaires et Employées publics et och rechtfäerdegt, eleng um Verhandlungsdësch ze sëtzen.
Kritik un Etüd iwwer Staatsbeamtegehälter
De CGFP-President Romain Wolff huet d'Regierung och kritiséiert am Bezuch op déi rezent Etüd iwwer Staatsbeamtegehälter. Hien huet et als "komplett inakzeptabel" beschriwwen, datt virun engem Waljoer géif probéiert ginn, esou Stëmmung géint d'Leit an der Fonction publique ze maachen, an dat zemools wou d'Gesellschaft schonn an der Pandemie gespléckt gouf.
D'Kritik, d'CGFP géif sech fir onsozial Mesuren asetzen, gouf op der Kommitees-Konferenz net gëlle gelooss. Och d'Ministere géifen nach ëmmer vun den Indexerhéijungen profitéieren, obwuel si dat eegenen Aussoen no net bräichten. Dobäi wieren d'Gehälter vun den Deputéierten zur Hallschent steierfräi, an näischt wier an de schwéieren Zäiten ënnerholl ginn, fir dorunner eppes ze änneren. Et géif also an der Politik keng Spuer gi vun sozialer Selektivitéit, esou nach de Romain Wolff.