Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Epi (feat. Ómar Guðjónsson)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CGDIS: Warnsystem an Austausch verbesseren

No den Iwwerschwemmungen

CGDIS: Warnsystem an Austausch verbesseren

Den Direkter vun den Operatioune vum CGDIS wëllt den Echange mat de Gemenge verbesseren. Den Tom Barnig betount awer, datt déi Zesummenaarbecht op lokalem Niveau an de meeschte Fäll gutt geklappt hätt. Et wieren och Warnungen erausgaangen, allerdéngs wier et net einfach all d'Leit ze erreechen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Mëttwochs géint zwou Auer Nomëttes goufen d'Asazzenteren am Land virgewarnt: si sollen hir Leit provisoresch mobiliséiere wéinst méiglechem Héichwaasser. Och d'Buergermeeschtere krute vum CGDIS eng Warn-SMS, sou den Tom Barnig.

D'Bevëlkerung op nei Weeër warnen

Vill Leit waren iwwerrascht iwwer Ausmooss vun den Iwwerschwemmunge vun der leschter Woch. Fir den Tom Barnig stellt sech d'Fro, ob d'Leit genee verstinn, wat hanner de Message stécht, an ob se richteg aschätze kënnen, wat d'Gefore sinn a wat d'Verhalensweise kéinte sinn. "Ech mengen, dat ass sécher ee Punkt an dëser Situatioun, wou ee muss weider draus léieren", esou den Direkter vun der Operatioune vum CGDIS.

App, SMS, Sireenen oder Porte-a-Porte: den Tom Barnig seet, datt ee Kanal fir Warnungen net duergeet. Am Inneministère wier een dofir amgaangen un Optimiséierungen ze schaffe fir d'Bevëlkerung besser ze warnen "a fir op nach méi modern Weeër ze goen, datt d'Leit effikass a séier kënne gewarnt ginn, wierklech mat den detailléierten Informatiounen, déi si fir hir Situatioun brauchen".

Vill Asätz: Informatiounsfloss war schwéier

Si hätte misste beim 112 uruffe fir hir lokal Pompjeeën op d'Plaz ze kréien, soten d'Buergermeeschtere vu Rouspert a Beetebuerg. De Chef vun den Operatioune beim CGDIS schwätzt vun engem Malentendu, deen hätt kënne gekläert ginn.

Dat wier d'Ausnam gewiescht, deelweis hätte sech Buergermeeschteren an hiren Zenteren installéiert. Trotzdeem wier den Informatiounsfloss deelweis aus dem Rudder gelaf: an der Nuecht vu Mëttwoch op Donneschdeg hätt de CGDIS a quasi 98 Gemengen am Land gläichzäiteg Asätz lafe gehat. "Do ass et natierlech wichteg, datt mir déi prioritär Asätz ofschaffen, an déi Informatiounen huet de Buergermeeschter natierlech net."

Et wier essentiell elo dorun ze schaffe fir den Austausch mat de Gemenge weider ze verbesseren, sou nach den Tom Barnig.

Um 112 wier déi sougenannte "Salle de débordement" aberuff gi fir déi vill Uriff um Noutruff kënnen unzehuelen. Wann trotzdeem Persounen zäitweis net duerchkomm wieren, da missen déi Virfäll gepréift ginn, seet den Direkter vun der Operatioune beim CGDIS och nach. Senger Aschätzung no wiere vill Leit der Opfuerderung nokomm, fir den 112 just am Fall vu vitalen Urgencen, Accidenter oder Bränn unzeruffen.