Radioen

On air

Notturno  |  Ben Wendel - January

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CGDIS: Aus Feeler léieren

Éischt national Bärbelefeier

CGDIS: Aus Feeler léieren

Op der éischter nationaler Bärbelefeier fir d'Mataarbechter vum CGDIS, huet de CGDIS-Direkter Paul Schroeder ënner anerem dorop opmierksam gemaach, datt déi verschidde Karriären zu Onzefriddenheet beim Personal féieren - mee de Problem wier erkannt an et géif dru geschafft ginn. Och d'Inneministesch Taina Bofferding huet op der Feier versprach, beim Gesetz nozebesseren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Nach ni hat de CGDIS esou vill Personal, mee fir déi bal 70.000 Asätz, déi dëst Joer wäerten erreecht ginn, ass et knapps genuch.

Problemer bei Ambulanz-Asätz, Karriären an Nowuess

E grousse Problem sinn d'Ambulanz-Transporter, déi 80 Prozent vun den Asätz ausmaachen an dacks guer keng eigentlech Noutfäll sinn. Hei misst ëmgeduecht ginn, esou de CGDIS-Direkter.

Mee fir Frustratioun beim Personal suergen och Ingegalitéiten an dem zum Deel net ofgestëmmte Karriär-System, erkläert de Paul Schroeder. Et wier een awer am Dialog mat de betraffene Leit, de Personalvertrieder am Verwaltungsrot an de Gewerkschaftsvertrieder.

Suerge mécht dem CGDIS och den Nowuess: D'Zuel vun de jonke Pompjeeë géif stagnéieren, an dat bei enger wuessender Populatiounszuel. Dobäi misst een awer e realistescht Bild vum Beruff vermëttelen: Beim CGDIS schaffe wier eben net just d'Foto vum Pompjee mam Kand um Aarm, dat e grad gerett huet.

Aus den Iwwerschwemmunge gi Léiere gezunn

Groussen Engagement hätten d'CGDIS-Mataarbechter bei der Ënnerstëtzung vun ukrainesche Flüchtlingen a bei den Iwwerschwemmungen hei am Land gewisen.

Hie wier awer de Leschten, dee géif soen, datt bei den Iwwerschwemmungen alles perfekt gelaf wier, esou de Paul Schroeder. Dëst wier déi éischt Flächelag fir de CGDIS gewiescht, wou praktesch dat ganzt Land betraff war:

"Et war eng Situatioun, déi duerch déi nei Organisatioun vum CGDIS fir d'Gemengen a fir de CGDIS nei war. Mir hunn eis Aarbecht kritesch analyséiert a Léiere gezunn, déi mir amgaange sinn ëmzesetzen."

Gesetz iwwer Zivilschutz gëtt punktuell nogebessert

D'Inneministesch Taina Bofferding huet sech och engagéiert, fir punktuell Changementer um Gesetz iwwer den Zivilschutz nozebesseren:

"All déi Erkenntnisser déi mer gesammelt hunn, elo aus dem PNOS, och aus der Experienz, de Retoure vum Terrain, ech denken awer och un de Conseil supérieur de la sécurité civile, dem Experterapport. Ma all dat wäerte mir elo kuerzfristeg notze fir e puer Adaptiounen um Gesetz iwwer Zivilsécherheet ze maachen."

Weider war et d'Ausso, datt d'Gemengen nach méi staark wéi bis ewell an d'Ausschaffe vu Krisepläng a plans de continuation des activités mat agebonne ginn.