Erhéijung vum Drock op net-Geimpfter CCDH: "Dat ass fir eis scho bëssen e Problem"

D'Mënscherechtskommissioun deet sech schwéier mat der Tendenz, datt den Drock op net-Geimpfter ëmmer méi verstäerkt gëtt. Fir d'CCHD wier et wichteg, datt d'Gesellschaft net gespléckt gëtt.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Gilbert Pregno
De Gilbert Pregno ass President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun

Et wier net gutt fir d'Gesellschaft, wa vun engem "Kampf oder souguer" Krich geschwat gëtt tëschent deenen, déi geimpft sinn, an deenen, déi net geimpft sinn.

D'Mënscherechtskommissioun kritiséiert, datt et un de Betriber ass ze decidéieren, ob de CovidCheck applizéiert gëtt. D'Politik hätt méi Responsabilitéit missten iwwerhuelen, fënnt de Gilbert Pregno.

"Fir elo ze soen, maacht wéi Der denkt, maacht wéi Der et fir gutt fannt, dat ass fir mech engem e Gefill ze gi vun enger Fräiheet, an e wier an enger Verantwortung, an et geet een dovun aus, dee kann dat och."

Am Secteur vun den Alters- a Fleegeheemer géif ee gesi wat d'Konsequenze kënne sinn, wann een den Acteuren d'Fräiheet gëtt, Saachen esou ze gestalten, wéi si se fir richteg halen, seet de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.

An de leschten 18 Méint hätt d'Politik vill "couragéiert Moossname" geholl. Fir de Gilbert Pregno hätt misste kloer soen, datt et elo un der Aarbechtswelt ass.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Paulette Lenert a Xavier Bettel
Covid-Gesetz

Am neie Covid-Gesetz ginn et Ännerungen um CovidCheck: Schnelltester op der Plaz falen ewech, zertifiéiert Schnelltester solle weider erlaabt sinn. Am Banneberäich vun der Horeca brauch een en Zertifikat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen