Radioen

On air

Notturno  |  Manduka - De Un Extranjero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Appell u privat Wunnengsbesëtzer kee grousse Succès"

Flüchtlingen

"Appell u privat Wunnengsbesëtzer kee grousse Succès"

Et géif net um Wëlle vun deenen engen oder anere leien. Mee d'Offer um Wunnengsmaart a fir Sproochecourse géif net duer goen, fir d'Integratioun vu Mënsche mam Flüchtlingsstatut virun ze bréngen. Dat seet d'Catia Santi, Assistante sociale beim neie Service LISKO vum Roude Kräiz.

auto_stories

3 min

Catia Santi

De "Lëtzebuerger Integratiouns- a Sozialkohäsiounszenter" (LISKO) gouf am Abrëll gegrënnt an am Juni offiziell ageweit. Unerkannte Refugiéen hëllefen, sech hei am Land een neit Liewen opzebauen, ass d'Missioun vun deem Service vun der Croix-Rouge. Déi eelef Assistantes sociales hu bis elo ongeféier 270 Dossiere behandelt, woubäi een Dossier enger Eenzelpersoun oder enger Famill entsprécht, erkläert d'Catia Santi.

Am Interview mam Pierre Reyland huet d'Sozialaarbechterin op d'Schwieregkeete vun hirer Aufgab opmierksam gemaach. "Et gëtt op alle Fronte versicht, de Leit entgéint ze kommen an och se opzefänken, do wou se sinn, an dee Moment, wou se ukommen". Ugefaange bei der Sprooch. Mat ville Flüchtlinge kéint een Englesch, Franséisch oder Däitsch schwätzen. Fir Arabesch hätt een Interpreten, awer keng fir Ethiopesch.

Refugiéë bréngen net all déi selwecht Viraussetzunge mat

D'Offer u Sproochecourse géif net duer goen, trotz de villen Initiativen och vu Fräiwëllegen, der Œuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte oder och der Moschee vu Bouneweg. Fir déi, déi dann eng Plaz fonnt hunn, wier et och net ëmmer einfach. D'Leit géifen ënnerschiddlech Niveauen u Sproochekenntnisser matbréngen, verschiddener missten dat laténgescht Alphabet iwwerhaapt emol léieren, sou d'Catia Santi.

De Flüchtlingen hëllefen, méi autonom ze ginn, dat ass - nieft der Sprooch - virun allem och d'Sich no enger Aarbecht (fir aus dem RMG eraus ze kommen) an no enger Wunneng. Beim LISKO géif dat a Gruppenaarbecht geschéien, verschiddener géifen och selwer eng Schaff fannen. "Leit mat Diplomer hunn et heiansdo méi einfach. Zum Beispill e Comptabel, deen nëmmen Englesch kann, huet och gutt Chancen, hei eng Aarbecht ze fannen", erkläert d'Catia Santi. Méi schwéier hätt et dogéint eng Kannerpsychologin, déi nëmmen Arabesch kann.

"RMG en Handicap um private Wunnengsmaart"

Den RMG fir eng erwuessen Eenzelpersoun läit zu Lëtzebuerg bei ongeféier 1.350 € de Mount. Fir eng Wunneng "huet den Eenzelen et heiansdo vläicht méi einfach, fir eppes ze fannen, an engem Zëmmer oder iwwert engem Café". De soziale Wunnengsmaart wier iwwerlaf, sot d'Sozialaarbeschterin beim LISKO. Bei der Agence immobilière sociale stéingen de Moment 600 Familljen op der Waardelëscht. Bei der "Wunnéngshëllef" (an där d'Roud Kräiz Member ass) géifen et Léisunge ginn - "fir deen een oder aneren". Allerdéngs nëmmen Iwwergangsléisungen fir dräi Joer.

Wéi ee Resultat hat bis elo den Appel u privat Proprietairen? "Am Fong kann een net soen, datt mer do grousse Succès hunn", stellt d'Catia Santi fest. D'Besëtzer hätten hei am Land keng Problemer, fir Locatairen ze fannen. Des weidere wier um private Marché den RMG en Handicap. Als Proprietaire hätt een et "ganz schwéier", Leit mat RMG eng Wunneng ze ginn. "Well se einfach Angscht hunn, wa se hire Loyer net kréien oder Schued an der Wunneng gemaach ginn ass". De "revenu minimum garanti" kéint een net saiséieren. Dowéinst wier de LISKO amgaangen, u Projeten ze schaffen, fir de Proprietairë bei der Ofsécherung entgéint ze kommen.

"Containerdierfer" kéinten zu anerer Form vun Exklusioun féieren

An de "foyers de premier accueil" géifen dann Enkpäss entstoen: unerkannte Refugiéë kommen net eraus, nei Flüchtlinge réckelen no. "Et gëtt och Drock gemaach op d'Leit, fir se eraus ze kréien", sou d'Catia Santi. Mee "wann hannendrun näischt ass, ass et och schwéier". Dobäi kéime psychologesch Problemer: "Wat d'Leit méi laang an de Foyersen hänken, datt se méi demotivéiert sinn". D'Sozialaarbechter missten se dann nees motivéieren.

Bréngen d'"Containerdierfer", déi 2017 zu Zolver, Esch, Mamer a Stengefort sollen entstoen, déi néideg Entlaaschtung? "Mir mussen elo kucken, datt dat keng Dauerléisung gëtt, an domat erëm eng aner Form vun Exklusioun entsteet". Fir d'Assistante sociale vum LISKO géif eng Léisung dacks aner Problemer mat sech bréngen. "Als Sozialaarbechter si mer gewinnt, datt mer einfach mat klenge Schrëtt, par rapport zu deem, wat kënnt, schaffen".