Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carole Dieschbourg: "Fage muss fair behandelt ginn"

National Politik

Carole Dieschbourg: "Fage muss fair behandelt ginn"

Et ass nach ëmmer net kloer, op zu Beetebuerg däerf eng Jughurtsfabrick gebaut ginn oder net. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ënnersträicht, de Jugurtsproduzent Fage misst "fair" behandelt ginn. Wann eng Entreprise eng Demande fir e Projet un hire Ministère stellt, da misst ee kucken ob de Projet an där Form zu Lëtzebuerg kéint ëmgesat ginn, oder ob nach Verbesserunge verlaangt misste ginn.

auto_stories

2 min

Carole Dieschbourg

Si hätt als Ministesch d'Verantwortung fir kengem Projet virzegräifen, mee si misst all Projet mat begleeden. Aktuell kéint si keng Ausso maachen, ob de Projet vun der Fage-Jughurtsfabrick "duerchgeet, oder net".

"An dësem Projet gouf zum Beispill wierklech vill a punkto Ofwaasser verbessert. Si (Fage) bauen eng Kläranlag mat enger Capacitéit fir 100.000 Awunner, an d'Fabrick huet en Impakt, deen 21.000 Awunner gläichkënnt."

Et wier richteg, datt Fage schonn zu Lëtzebuerg investéiert hätt, e Betrib kéint sech awer eréischt zu Lëtzebuerg nidderloossen, wann en eng Autorisatioun huet an dat wier am Fall Fage à ce stade net de Fall, sou d'Carole Dieschbourg.

Fir datt d'Jugurtsfabrick zu Beetebuerg ka gebaut ginn, brauch Fage ënner anerem nach Commodo-Incommodo an eng Baugeneemegung. Hirem rezentste Joresrapport no huet déi griichesch Entreprise schonn 41 Milliounen Euro fir de geplangten Standuert zu Lëtzebuerg ausginn.

Monitoring vun Accisen op Sprit an ekologesch Steierreform

D'Ëmweltministesch ënnersträicht, et misste weider Efforte gemaach gi fir de Sprit-Verkaf zu Lëtzebuerg ze reduzéieren. Am Moment géifen d'CO2-Emissiounen hei am Land klammen, well de Spritverkaf an d'Luucht geet, esou d'Carole Dieschbourg. Fir deem entgéint ze wierken, hätt d'Regierung schonn dëst Joer d'Accisen op Bensin an Diesel, ëm ee respektiv zwee Cent eropgesat. Dat wier eng "alleréischt Mesure" fir de Verkaf ze drécken, sou d'Ëmweltministesch.

Fir ze iwwerpréiwen, ob d'Mesurë gräifen, wier e Monitoring-Grupp agesat ginn, deen aus Vertrieder vum Finanz-, dem Energie, dem Wirtschafts- an dem Ëmweltministère besteet. Dëse Grupp hätt och d'Aufgab, fir d'Mesurë Schrëtt fir Schrëtt ze verstäerken, sou d'Carole Dieschbourg. D'Ministesch huet och ugemierkt, datt eng ekologesch Steierreform misst ëmgesat ginn. Wéi eng konkret Mesuren am Kader vun dëser Steierreform sollen ëmgesat ginn, präziséiert d'Ministesch net.