Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas enttäuscht iwwer den Etat de la Nation

Etat de la Nation

Caritas enttäuscht iwwer den Etat de la Nation

D'Caritas-Presidentin weist sech enttäuscht vum Premier Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun vun en Dënschdeg. Vun de Caritas-Propositiounen hätt een der net vill doran erëm fonnt, bedauert d'Marie-Josée Jacobs.

auto_stories

2 min

Dowéinst wier een "net ganz frou". Um Terrain geséich een am Alldag wéi schlecht eenzel Leit dru sinn. Et misst anescht gehollef gi wéi nëmmen duerch d'Erhéijung vun der Allocation de vie chère ëm zéng Prozent.

"Mir hu gesinn z.B. elo wéi d'Leit sollten doheem bleiwen, wann der da sot, Dir musst doheem bleiwen, hunn ech mech ëmmer gefrot, wat denkt e Mënsch, dee keen Doheem huet. Dat muss jo onvirstellbar sinn. Wéi mécht se dat? An do ass eng vun eise Fuerderungen, datt mer soe mir brauchen eng Structure d'accueil - wéi d'Wanteraktioun - iwwer d'ganzt Joer."

Keng Ausso zur Grondsteier

An der Steierpolitik géif nach Loft no uewe bleiwe fir fir méi Gerechtegkeet ze suergen, esou d'Marie-Josée Jacobs. D'Caritas-Presidentin huet eng Aussoe vum Premier zur Grondsteier vermësst a Mesurë fir d'Spekulatioun am Logementsberäich ze bekämpfen.

"An da mussen natierlech op där anerer Säit aner Moossnamen dobäi kommen: z.B. och, datt de private Secteur opgemaach gëtt, datt déi och méi kënnen doranner bauen. Et ass wichteg, datt déi staatlech Organismen, ob dat de Fonds du Logement oder d'SNHBM ass, och mir als Organisatioune bauen, mee dat alles geet net duer."

Bei der Kuerzaarbecht misst nogebessert ginn

Am Kontext vun der Corona-Pandemie fuerdert d'Caritas-Presidentin, datt bei der Kuerzaarbecht misst nogebessert ginn. Leit, déi am Chômage partiel sinn, kréien 20 Prozent manner, rifft d'Marie-Josée Jacobs an Erënnerung.

"A wann der dann an deene Betriber schafft, wéi beim Coiffeur, wéi an der Horesca, wou der awer och vill Drénkgeld do kritt, an dat alles fält ewech, dann op ee Mol geet et net méi duer. Déi eng hu gesot, mir hu keng Sue fir de Loyer ze bezuelen, déi aner hu gesot mir hunn eise Loyer wollte mat aller Gewalt bezuelen, fir datt mer net riskéieren eraus ze fléien. Déi haten dann näischt méi fir z'iessen."

Duerch d'Aussoe vum STATEC zum Aarmutsrisiko hei am Land gesäit d'Caritas-Presidentin sech confirméiert, an hire Fuerderungen un d'Regierung.

Negativ wier och, datt d'Entwécklungshëllef 2021 an absolutten Zuelen ëm 60 Milliounen Euro wäert zeréckgoen.