Cargolux: Verwaltungsrot hätt gär e bessere kommerziellen Accord mat HNCA

Am Verwaltungsrot vun der Cargolux muss et de 27. November héich hir gaang sinn: eng ganz Rei Membere vum Conseil hunn nämlech d’Pläng vun HNCA hannerfrot, fir Aktionär vun der Cargolux ze ginn. Méi wéi 7 Stonnen huet d’Réunioun gedauert: virun allem gouf kritiséiert, datt de kommerziellen Accord mam chineseschen Investisseur Risike mat sech brénge géif. En Avis vum Affekotecabinet Shearman & Sterling seet wuertwiertlech: “d’Formulatioun vum Accord werft däitlech Froen op iwwer verschidden Obligatiounen. Méi fundamental stellt sech d’Fro, ob et sech bei verschiddene Passagen ëm verbindlech Obligatiounen handelt, oder just ëm net verbindlech Indikatiounen”. Accorde wéi dëse wieren eng heefeg Quell fir Streidereien. HNCA kéint nämlech dovun ausgoen, datt den Accord d’Basis liwwert fir spéider méi Aktien an der Cargolux z’iwwerhuelen, an datt d’Cargolux eng Partie Engagementer agaang wier. D’lëtzebuerger Regierung op der anerer Säit kéint den Accord als manner verbindlech empfannen, esou Shearman & Sterling. A weider: “wann een den Accord esou ënnerschreift, bréngt eiser Meenung no en däitleche legale Risiko mat sech fir d’Cargolux. Dee Risiko kéint nach méi grouss gi well d’Cargolux nëmme limitéiert iwwert d’Verhandlungen tëscht der Regierung an HNCA informéiert wier”, esou den Affekotebureau am Avis, deen am Verwaltungsrot diskutéiert gouf.

Dofir hätt de Conseil eisen Informatiounen no gär, datt de Commercial Agreement verbessert gëtt. Den Direktiounsmember Henning zur Hausen krut den Optrag, sech där Saach un ze huelen an e méi präzise Kontrakt erbäi ze féieren.

Weider soll d'Generaldirektioun am Conseil deklaréiert hunn, datt se nach ëmmer hannert hirem kritesche Bréif vum 21. Oktober steet, deen de radio 100,7 public gemaach huet. An deem Bréif hunn déi véier Membere vun der Generaldirektioun kritiséiert, datt se bei den Negociatioune mat den Interessenten net mat agebonne gewiescht wieren, a se hu sech Suerge gemaach, well se net un d’Reussite vun der Partnerschaft mat der chinesescher Provënz Henan gleewen.

Och Membere vum Verwaltungsrot hunn d'Prozedur vun de Verhandlungen tëscht dem Infrastrukturministère an HNCA kritiséiert. Donieft soll den Interim-CEO Richard Forson et net einfach gehat hunn: verschidden Administrateuren sollen him e Manktem u Féierungsstäerkt virgeheit hunn. Och de Fakt, datt hien de Bréif vun der Generaldirektioun mat ënnerschriwwen hat, fir sech spéider an engem separate Bréif nees dovun ze distanzéiere, gouf kritiséiert.

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck kann am Mëttespanorama vum 28. November nogelauschtert ginn :

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen