Cargolux: Robert Song neie Beroder

D’Cargolux huet an der Persoun vum Robert Song en neie Beroder. Dat huet d’Cargo-Airline an der Mëttesstonn intern matgedeelt. De Robert Song beréit och HNCA, de wahrscheinlech neie Co-Aktionär vun der Cargolux. An der interner Matdeelung heescht et, de Song kéint däitlech dozou bäi droen, datt d’Ziler aus dem kommerziellen Accord tëscht Cargolux an HNCA erreecht ginn. Hie géif sech haaptsächlech em de Succès vun der neier Fluchlinn tëscht Lëtzebuerg an der Provenz Henan konzentréieren. Wéi mer dat rezent gemellt hunn, huet den zoustännege Cargolux-Manager fir déi Regioun demissionéiert well en net un de Succès vun där Fluchlinn gleewe géif. De Kontrakt vum Robert Song kann no all Mount verlängert ginn, heescht et.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen