Cargolux : R.Song am Congé, eventuell wéinst Problemer mat Landerechter zu Zhengzhou

Den neie Cargolux-Direktiounsmember Robert Song huet 100,7-Informatiounen no iwwerraschend Congé ugefrot : nëmmen 8 Wochen no senger Nominatioun als Responsabele fir d’Fluchregioun Asien a matze während de schwierege Verhandlungen iwwert d’Landerechter um Fluchhafe vum neie Co-Aktionär HNCA kënnt dee Congé zu engem ongewéinleche Moment. E Bäitrag vum Jean-Claude Franck am Mëttes-Panorama vum 19. Mee

“De Robert Song huet op eegene Wonsch zwou Woche Congé ugefrot fir sech no de laange Preparative fir den Deal mat HNCA z’erhuelen”, esou de Cargolux-Generaldirekter de Moien op Nofro hin. Fir de Rescht wëll den Dirk Reich d’100,7-Informatiounen net kommentéieren.

Gutt informéiert Sourcen hunn eis virdru gesot, de Robert Song wier Mëtt d’lescht Woch kuerz zu Lëtzebuerg gewiescht. Normalerweis schafft hien an Asien, wou hien zënter dem 26. Mäerz als Senior Vice President Haaptresponsabelen ass fir d’Flich an d’Regioun. Déi Aufgab krut e, well en den neien, zweetgréisste Cargolux-Aktionär HCNA fir d’Iwwernam vu 35 Prozent vun de Parte beroden huet. De Paul Helminger, President vum Verwaltungsrot, huet de 26. Mäerz virun der Press zouginn, datt et de Wonsch vun HNCA war, datt de Song an der neier Équipe ronderëm den neie CEO Dirk Reich géif eng Roll spillen. D’Nominatioun war intern ëmstridden : den Direktiounsmember Henning zur Hausen, Responsabele fir d’Legal Affairs, hat seng Bedenken intern matgedeelt. Wéi mer dat am Mäerz gemellt haten, huet de Conseils-Member Paul Mousel kuerz virun der Nominatioun vum Song demissionéiert. Déi aner Verwaltungsrot-Membere krute vun der Regierung gesot, si misste fir den neien Direktiounsmember stëmmen. Dofir hat de Paul Helminger de 26. Mäerz och Schwieregkeete fir d’Nominatioun z’erklären:

Paul Helminger : E muss sech un déi selwecht Ethics Codes a Prozeduren an esou weider halen: mir hu geduecht dat wier de beschte Moyen fir engersäits seng Kompetenzen, seng ganz villschichteg Relatiounen déi en a China huet an déi sécherlech en Asset duerstellen, datt en déi kënnt notzen – an zur gläicher Zäit deene Suergen entgéint trieden, déi denken e géif jee heiansdo Saache maachen, déi net esou an Europa géinge gemaach ginn oder an Amerika gemaach ginn

o der Nominatioun vun der neier Direktioun goufen et séier Problemer mat den Autorisatioune fir déi regulär Landungen zu Zhenghzou, Sëtz vum neie Co-Aktionär HNCA. D’Autoritéiten zu Peking hu bis haut nach net gréngt Lut ginn. Den éischte reguläre Vol huet scho missen zwee mol verréckelt ginn. Amplaz vum 25. Abrëll gëtt lo op de 14. Juni hi geschafft. De Freideg huet d’Cargolux via Communiqué matgedeelt, datt den 29. Mee als Startdatum net méi ze hale wier. Déi Deeg virdru war de Robert Song wéi gesot zu Lëtzebuerg fir Gespréicher mat de lokale Responsabelen. Gutt informéierte Sourcen no, kéint de Robert Song zevill Drock op d’Autoritéiten zu Peking gemaach hu fir d’Landerechter ze kréien, wat d’Situatioun blockéiert hätt. Während sengem Congé gëtt en iwwergangsméisseg vum Kevin Shek ersat, regionale Sales Manager vun der Cargolux zu Hong Kong. De Paul Helminger soll iwwerdeems des Woch op Zhengzhou fléie fir Gespréicher mat HNCA.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen