Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux - Qatar Airways: onfair Konkurrenz?

Aviatioun

Cargolux - Qatar Airways: onfair Konkurrenz?

Der Cargolux géinge bis zu 20 Milliounen d'Joer verluer goen, well Qatar Airways vu senge Fluchrechter zu Lëtzebuerg gebrauch mécht. Dat seet den Dirk Becker vu der Pilotenassociatioun ALPL. D'Fluchrechter hat Qatar Airways 2011 kritt, wéi d’Airline Aktionär bei Cargolux gi war. Wéi Qatar Airways d'Cargloux 2012 verlooss hat, goufen d'Fluchrechter net ewech geholl. Dernieft géing d'Golf-Airline a Milliardenhéicht staatlech subventionéiert.

auto_stories

3 min

Dirk Becker

De lëtzebuerger Staat hat 2011 35 Prozent Cargolux-Undeeler fir 117,5 Milliounen Dollar un Qatar Airways verkaaft. Ee Joer drop huet de Staat déi Undeeler fir de selwechte Präis zréckaaf. Qatar Airways huet seng illimitéiert Fluchrechter zu Lëtzebuerg awer behal.

Maartverzerrunng op Käschte vun der Cargolux

An deene leschten zéng Joer hätten déi dräi Golf-Airlinë Qatar Airways, Etihad an Emirates hir Capacitéiten tëscht der EU an dëse Golfstaaten ëm 430 Prozent an d’Luucht gesat, seet den Dirk Becker, Generalsekretär vu der Pilotenassociatioun ALPL. 80 Prozent vun alle Flich pro Dag tëscht Europa an den dräi betraffene Golfstaaten, géinge vun deenen dräi Golf-Airlinë geflu ginn. "Dat ass eng maartverzerrend Situatioun", seet den Dirk Becker. Vrun allem well d'Golf-Airlines, anescht wéi déi europäesch Loftfrachtgesellschaften, massiv staatlesch subventionéiert géinge ginn.

Déi dräi Golf-Airlinen hätten an deene leschten zéng Joer 39 Milliarde staatlesch Subventioune kritt. Eleng fir Qatarairways wären et 15 Milliarden Euro, seet den ALPL Generalsekretär deen d'Kapitalerhéigunge bei der Cargolux net als staatlesch Subventioun considéréiert.

Der Pilotegewerkschaft ALPL no wäert dat fir Lëtzebuerg laangfristeg zu enger Monopolstellung vu Qatar Airways féieren. Op Käschte vun der Cargolux, de Salariéen an der Aviatioun a vum Logistikstanduert Lëtzebuerg. Um Enn géingen och d'Verbraucher drënner leiden.

Politik muss Vergaangenheet heelen

D'ALPL, d’Associatioun vun de Lëtzebuerger Linnepiloten trëtt der europäescher Cockpit-Associatioun bei. Zil ass, fir op europäeschem Plang, géint déi an hiren Aen onfair Konkurrenz vun Drëttstaaten am Loftfahrtgeschäft, Lobbyaarbecht ze maachen. Viséiert si virun allem d'Rivalen aus de Golfstaaten. Aktuell gëtt op europäeschem Niveau iwwert den Zougang vun Drëttstaaten am europäesche Loftverkéier verhandelt. Dem ALPL-President no wär et wichteg, datt d'Politik d'Problematik géif erkennen.

D'EU-Kommissioun muss sech dofir asetzen, datt bannent der EU all Memberstaaten dofir suergen, datt bilateral Verkéiers-Accorde mat Drëttstaaten esou ausgehandelt ginn, datt eng fair Konkurrenz garantéiert ass. Am Fall vun staatleche Subventioune misst een de Golf-Airlinen déi an Europa accordéiert Fluchrechter kënnen ewech huelen, fënnt den Dirk Becker. D'Lëtzebuerger Regierung misst dat aktiv ënnerstëtzen.

Dem Dirk Becker no hätt d'Cargolux net déi selwecht Fluchrechter zu Doha, wéi Qatar Airways zu Lëtzebuerg. D'Cargolux kéint zum Beispill just a bestëmmten Zäitfënsteren zu Doha landen. Dat wär fir Qatar-Airways zu Lëtzebuerg net de Fall. Dorobber, datt Cargolux zu Lëtzebuerg exzeptionell Rechter huet fir Nuets ze landen, a Qatar Airways net, wollt de Gewerkschaftler a Pilot net weider agoen. Och aner europäesch Staate géingen dat an deem Sënn fir hier Airline regelen, seet den Dirk Becker dee gläichzäiteg fir eng fair Konkurrenz plaidéiert.

Féihrungswiessele bei Cargolux: Actionnairë si Schold

"Mir acceptéieren de Choix vum Dirk Reich fir d'Cargolux aus perséinleche Grënn ze verloossen", seet den Dirk Becker. Et wär awer opfälleg, datt et an de läeschten 12 Joer vill Wiessel un der Spëtzt vun der Cargolux gouf. Et wär generell e Problem bei Firmen, wann en Topmanagement esou dacks géing wiesselen. Verantwortlech dofir wären d'Aktionären, well si decidéiere wien si astellen.