Cargolux : eng weider Démissioun

Am Management vun der Cargolux gëtt et eng weider Démissioun. Ee vun de 4 Responsabele fir déi verschidde Fluch-Regiounen vun der Cargo-Airline huet seng Démissioun agereecht. Dat krute mer bei der Cargolux confirméiert. De Matthew Ma war bis elo responsabel fir d’Regioun Asien a Pazifik. Et ass also déi Persoun, déi fir d‘Ëmsetze vun der Partnerschaft mam méiglechen neie chinesesche Co-Aktionär HNCA responsabel gi wier. Eise Sourcen no géif de laangjärege Cargolux-Mataarbechter net un déi geplangte Flich an d’Provenz Henan gleewen. Schrëftlech soll e seng Démissioun net weider begrënnt hunn. Virun engem Mount war d’Démissioun bekannt gi vun zwee Direktiounsmemberen, déi domat géint déi geplangten Transaktioun mat HNCA protestéiert hunn.

Den Detail am Bäitrag vum Jean-Claude Franck (aus dem Mëttespanorama vum 28. Februar)

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen