Cargolux: Eng katastrofal Situatioun wéinst dem Infrastrukturministère

Den Infrastrukturministère huet d’Cargolux sou wéi déi eventuell nei Regierung mat der Sich fir en neien Aktionär an eng katastrofal Situatioun bruecht.

E Kommentar vum Jean-Claude Franck.

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Franck-Caro-Com.mp3"]

 

De ganzen Text, fir nozeliesen:

Den Nach-Minister Claude Wiseler huet bestëmmt keng schlecht Intentiounen an en hat sech och virgeholl, des Kéier dat richteg ze maache, wat mam Qatar falsch gelaf war. De Ministère huet doropshin eng Bank an en Affekotebureau agesat, déi zesumme mam Beamten Weisgerber, mam Verwaltungsrot-President Helminger a mam Interim-CEO Forson en neien Aktionär gesicht hunn.

An do si mer scho bei den éischte krasse Fehlaschätzungen: de Paul Helminger hätt ni dierfe Cargolux-President ginn, well e scho President vum gréisste Cargolux-Aktionär Luxair ass. Engem eenzege Beamte fräi Hand ze loossen, engem, dee méi Aussoen no an dësem Dossier ontransparent geschafft huet, ass och e Fehler. Genee sou wéi et e Fehler ass, op den Interim-CEO ze setzen, vun deem d’Politik genee weess, datt en op méi Hochzäiten danzt fir et sech mat kengem ze verdierwen, an deen donieft e schwéiere Stand an der Generaldirektioun huet. Et ass net ze verstoen, datt e Ministère grad alleng deem vertraut huet, ouni ze realiséieren, datt doduerch intern vill Schued entstan ass.

Souwisou huet de Ministère kee Gespier fir d’Cargolux. Wéi soss ass et z’erklären, datt nom Qatar-Debakel net fir eng staark an harmonesch Generaldirektioun gesuergt gouf? Ok, et gouf virun engem Joer e CEO gesicht, an de Wonschkandidat ass ofgesprong, mä firwat gouf dono net weider gesicht? Firwat huet de Ministère net alles gemaach, fir dat risegt Mësstraue vun der Cargolux an d’Politik ze behiewen ? Lo imposéiere schonn zënter Joere verschidde Politiker a Beamte sech mat hire Léisungsvirschléi, ouni datt op den Knowhow an der Airline gelauschtert gëtt - an trotzdem geet et domat riicht virun. Wien huet ronderëm d’Auer déi an Tëschenzäit 20 Boeing am Bléck a suergt dofir, datt d’Maschinne souvill an der Lut si wéi wéineg anerer ? Op déi Leit muss endlech gelauschtert ginn: déi net mat an d’Verhandlunge fir e Commercial Agreement anzebannen, well een domat versot huet nees Vertrauen zu hinnen hierzestellen, ass inakzeptabel.

Genee sou wéineg ass ze verstoen, datt bis haut kee Plang B ausgeschafft gouf, fir de Fall, datt ee sech mat HNCA net eens gëtt. Egal wéi gutt oder schlecht déi Offer ass, et muss een a Verhandlungen ëmmer domat rechnen, datt se scheiteren, an et muss een ëmmer e Plang B prett hunn. Well dat magistralement ignoréiert gouf, ass d’Politik haut an der Situatioun, datt se mengt, et géif keng Alternativ zu engem Deal mat HNCA ginn. Et huet bis haut kee gesot, et wier eng interessant Offer, mä et wier déi interessantesten, déi um Dësch läit. Dat ass eng Nuance, déi villes ausseet.

An d’Urgence, déi erbäi geriet gëtt, soll wahrscheinlech iwwer all déi Problemer an der Vergaangenheet ewech täuschen. Firwat seet den Etienne Schneider, et géif Zitat “extremen Drock” vun der EU-Kommissioun ginn, wa Bréissel bis elo wéi et schéngt just Rappeler geschéckt huet, well d’Regierung nach keng schrëftlech Erklärunge geliwwert huet, wat se iwwerhaapt mat de 35 Prozent, déi se vu Qatar Airways iwwerholl huet, Wëlles huet?

Wa mer da virgeheit kréie, wéi gëscht geschitt, mir géifen d’Cargolux mat eise Berichter futti maachen, da kann ee just nach de Kapp rëselen. Hei si Leit, déi wëlle Rou am Dossier: net am Interêt vun der Cargolux, mä am Interêt vu sech selwer...

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Annonce: Recherche d'un chef de la programmation

    Gebai vum radio 100,7

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche 1 chef de la programmation (m/f) pour contrat à durée indéterminée et à temps plein.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen