Cargolux : Dirk Reich huet gutt Chance fir neie CEO ze ginn

Den neie Generaldirekter vun der Cargolux kéint Dirk Reich heeschen. Den Headhunter Spencer Stuart huet 100,7-Informatiounen no eng deementspriechend Recommandatioun gemaach. Wa béid Säite sech eens gi, kéint den neie CEO nom Verwaltungsrot vum 26. Mäerz annoncéiert ginn. De Verwaltungsrot-President Paul Helminger an den Infrastrukturminister François Bausch wëllen d’Nouvelle net kommentéieren. Den Dirk Reich huet fir Lufthansa a Kühne und Nagel geschafft. Zënter der Démissoun vum Frank Reimen am Summer 2012 huet d’Cargolux mam Richard Forson just en Iwwergangs-CEO. D’chinesesch Zentralregierung huet wéi et schéngt d’Nominatioun vun engem definitive CEO verlaangt. Éischter wëll Peking der Transaktioun tëscht der Provenz Henan an der Cargolux net gutt heeschen. HNCA soll 35 Prozent vun der Cargolux iwwerhuelen.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen