Cargolux: Direktioun zweifelt un HNCA-Deal

D’Offer vum chineseschen Investisseur HNCA fir 35 Prozent vun der Cargolux z’iwwerhuele, gëtt 100,7-Informatiounen no vun der Cargolux-Generaldirektioun serieux a Fro gestallt. Dat hu si den 21. Oktober an engem Bréif kloer gestallt, deen eis virläit, an deen un d’Membere vum Verwaltungsrot sou wéi un de Middle Management vun der Cargogesellschaft gaang ass. Suerge maachen déi 4 Direktiounsmembere sech wéinst zwou Saachen : engersäits well se bei den Negociatioune mat den Interessenten net mat agebonne gewiescht wieren, anerersäits awer och well se net un d’Reussite vun der Partnerschaft mat der chinesescher Provenz Henan gleewen.

De Baitrag vum Jean-Claude Franck:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Franck-Cargo-1.mp3"]

 

An deem selwechte Bréif bedauert d’General-Direktioun och nach, dass sie nët an d’Verhandlungen matagebonne gouf an iwwert Ännerungen an der Positioun vun HNCA net informéiert gi wier.

De Baitrag vum Gil Goebbels:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Gil-Cargo-1.mp3"]

 

Fir nozeliesen, de ganzen Text:

D’Offer vum chineseschen Investisseur HNCA fir 35 Prozent vun der Cargolux z’iwwerhuele, gëtt 100,7-Informatiounen no vun der Cargolux-Generaldirektioun serieux a Fro gestallt. Dat hu si den 21. Oktober an engem Bréif kloer gestallt, deen eis virläit, an deen un d’Membere vum Verwaltungsrot sou wéi un de Middle Management vun der Cargogesellschaft gaang ass. Suerge maachen déi 4 Direktiounsmembere sech wéinst zwou Saachen : engersäits well se bei den Negociatioune mat den Interessenten net mat agebonne gewiescht wieren, anerersäits awer och well se net un d’Reussite vun der Partnerschaft mat der chinesescher Provenz Henan gleewen.

Ënnerschriwwen ass de Bréif vum Interim-CEO a Finanzdirekter Richard Forson, a vun den Direktiounsmembere Robert Van de Weg, Peter van de Paas an Henning zur Hausen.

D’haapt Motivatioun fir HNCA fir an d’Kapital vun der Cargolux eran ze klamme wier wéi et schéngt eng geplangtenen Augmentatioun vun der Fracht-Aktivitéit um Fluchhafe Zhengzhou an der Provënz Henan. D’Generaldirektioun mécht sech awer serieux Suergen iwwert déi projezéiert Hausse vum Volume vum Cargo, heescht et am Bréif.

D’Ziler, déi d’Chineese sech gesat hu, wiere ganz wéineg probabel, egal wéi haart HNCA a Cargolux probéiere géife se ëmzesetzen. An der Géigend vum Fluchhafe vu Zhengzhou géifen et verschidde Mega-Hubs ginn, déi op eng natierlech Manéier gewuess sinn. Weider heescht et, Zitat:

“A commitment for Cargolux to operate a pre-determined number of flights to CGO regardless of commercial results will result in significant losses in the short term, and bears a high risk of shareholder and Management disruption in the mid-term with potential repercussions on Cargolux’s own operations to China”

Am provisoreschen Accord, sou wéi d’Generaldirektioun en den 9. Oktober vum Infrastrukturminister Claude Wiseler (CSV) presentéiert krut, engagéiert HNCA sech fir 15 Milliounen US-Dollar op e Bankkonto ze setzen, an dee vun der Cargolux a vun HNCA solle kënne geréiert ginn. D’Generaldirektioun argumentéiert, et wier net kloer, ob dee geplangten Fong d’Perte vun de Flich op Zhengzhou opfänke kéint well HNCA an deem Fong e Veto-Recht huet.

Weider Suerge mécht d’Generaldirektioun sech wéinst der geplangter Joint-Venture a China. Déi véier Membere vun der Direktioun schwätze vun enger haarder Obligatioun. D’Cargolux kréich dem Accord mat HNCA no, keng Kontroll iwwert déi gemeinsam lokaler Fluchgesellschaft zu Shengzhou kréien. Am Fall vun enger positiver externer Faisabilitéitsetude, misst d’Cargolux ganz däitlech an net wierklech definéiert Zommen an eng ganz héich Risiko-Gesellschaft investéieren. Ähnlech Versich vun esou “Joint Ventures” géife weise, wéi riskéiert dat ass. Weider kéint esou eng nei Fluch-Gesellschaft der Cargolux am Beräich vun der Maintenance Konkurrenz maachen.

An deem selwechte Bréif bedauert d’General-Direktioun och nach, dass sie nët an d’Verhandlungen matagebonne gouf an iwwert Ännerungen an der Positioun vun HNCA net informéiert gi wier.

Während enger Reunioun den 9ten Oktober mam zoustännegen Infrastruktur-Minister, Claude Wiseler, wier d’General-Direktioun informéiert ginn, dass de kommerziellen Kooperatioun’s-Projet, esou wéi en den Ament verfaasst wier, just nach minimal oder guer keng Changementer zouloossen géif.
’Direktioun wier zwar gefrot ginn festzehalen ënnert wéi engen Konditiounen een d’Verhandlungen mat HNCA ofbriechen sollt. D’General-Direktioun bedauert an deem Sënn, dass de facto eng Decisioun ouni si getraff gouf.
us där selwechter Reunioun vum 9ten Oktober mam Infrastruktur-Minister, hätt d’Direktioun verstan, dass eng “Stand-alone”-Strategie vun der Cargolux net als realistesch géif betruecht ginn. An, dass obwuel eng Rei Offeren fir déi 35 Prozent Parten agereecht goufen, eenzeg an alleng déi vun HNCA als serieux an interessant genuch agestuuft gouf. De Minister hätt dem Management nach matgedeelt, dass d’Actionnairen och där Meenung wieren. D’Actionnairen géifen och d’Positioun deelen, datt et keng Marge de manoeuvre méi géif ginn fir besser Offeren vun aneren Interessenten erauszeschloen.

D’Conclusioun am Bréif vun der General-Direktioun ass wéi gesoot, dass de Projet vun HNCA ze ambitiéis ass. Dat hätt ganz wahrscheinlech negativ Konsequenzen fir d’Cargolux. Deemno recommandéiert d’General-Direktioun fir d’Verhandlungen mat HNCA weider-ze-féieren an d’Erwaardungen vun de Chinesen ze dämpfen, souwéi weider Garantien fir d’Cargolux eraus-ze-schloen. Och sollt nach mat aneren Interessenten verhandelt ginn. An virun allem misst d’General-Direktioun op d'mannst an déi strategesch a kommerziell Aspekter vun de Verhandlungen agebonne ginn.

Den 21sten Oktober, de selwechten Dag also wéi de Bréif vun der Cargolux-General-Direktioun un den Paul Helminger geet, schéckt den Interim-CEO, Richard Forson, e weideren Bréif un den President vum Verwaltung’s-Rot ; dës Kéier a sengem perséinleche Numm. De Bréif ass “confidentiel” klasséiert. Heiranner distanzéiert sech de Richard Forson vun der Positioun vun der General-Direktioun, déi hien mat ënnerschriwwen huet. Meng perséinlech Meenung ass, dass den Deal mat HNCA wahrscheinlech de beschten ass deen d’Regierung fir déi 35 Prozent Parten kritt, schreift de Forson an deem Bréif. Déi kommerziell Cooperatioun wier awer net ouni Risiko heescht et weider, Risiken déi de Management esouwäit wéi méiglech reduzéieren sollt. Den isoléierte Bréif vum Richard Forson weist, wat den 100,7 an der Vergaangenheet scho gemellt huet: an zwar datt de Richard Forson schlecht mat den aneren Direktiounsmemberen zesumme schafft...

Tensioune gëtt et wéinst dem méiglechen HNCA-Deal och tëscht Politik a Cargolux. Datt DP, LSAP an Déi Gréng et dem Nach-Infrastrukturminister Claude Wiseler iwwerloosse wëllen, eng Decisioun ze huelen ier déi nei Regierung steet, suergt an der Cargolux zënter Deeg fir grouss Onrouen. De Méindeg presentéiert de Cargolux-Informateur Robert Schaus an de Koalitiounsverhandlungen säin definitive Rapport iwwert d’Sich no engem neien Aktionär. Dono sollen d’CSV, Déi Lénk, d’ADR an de Claude Wiseler matgedeelt kréien, ob déi méiglech 3er-Koalitioun fir eng Partnerschaft mat HNCA ass. Villes deit eisen Informatiounen no bis elo drop hinn, datt dat de Fall ass.

Programm

Net verpassen

  • Annonce: Recherche d'un chef de la programmation

    Gebai vum radio 100,7

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche 1 chef de la programmation (m/f) pour contrat à durée indéterminée et à temps plein.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen