D'Plaz an de Medie wier limitéiert, an deemno géife Krisen an de Virdergrond réckelen, déi eng Relevanz hu fir de Konsument - also fir déi Leit, déi Medie consomméieren an déi eng Relatioun zu där Krise-Regioun hunn, erkläert de Frédéric Haupert:
"Déi Informatioune sinn da méi einfach ze verstoen, well se eng einfach Ursaach hunn, déi Journaliste séier kënnen erklären. Krisen, déi eis touchéieren an déi mir kënne verstoen, déi fannen hir Plaz an de Medien. Déi aner, déi méi komplex sinn, hunn et do schwéier."
Fokus op zéng afrikanesch Länner
Am Rapport vu CARE gëtt vun zéng Länner geschwat, déi a westleche Medie kaum beliicht ginn. Et sinn all afrikanesch Länner, an all eenzelt Land huet eng spezifesch "Krisesituatioun", erkläert de Frédéric Haupert.
An awer ginn et Gemeinsamkeeten, ënnersträicht den Direkter vu CARE Lëtzebuerg:
"Wat se awer gemeinsam hunn, dat ass de Stress dee se spieren duerch de Klimawandel, d'Naturkatastrophen, d'Inflatioun op d'Liewensmëttel. Si hunn och Schwieregkeete wéinst de Stéierungen an de Liwwerketten, wat do zu Versuergungs-Enkpäss gefouert huet an zu Honger."
Och de Covid spillt nach ëmmer eng grouss Roll, a vill Länner hu sech nach net wirtschaftlech dovun erholl, präziséiert de Frédéric Haupert.
Op déi vergiesse Krisen opmierksam maachen
Et hätt een de Rapport vun dësem Joer "Breaking the silence" genannt, fir deem Ganzen een "appelativen" Charakter ze ginn, esou den Direkter vu CARE Lëtzebuerg:
"Wëll et eis alleguerten eppes ugeet, iwwer d'Krisen an der Welt ze schwätzen, déi mir all Dag an eise Projeten observéieren."
Der ONG CARE ass opgefall, datt zanter si dës Rapporte publizéieren, d'Medien och ugefaangen hunn, sech méi mat deene Krisen auserneen ze setzen, notéiert de Frédéric Haupert:
"Dat heescht, datt den ëffentlechen Interêt fir humanitär Krise sech verbessert huet. Eisen Interessi ass et, datt iwwer déi Krise geschwat gëtt. Datt d'Journalisten an d'ONGen d'Politik sensibiliséieren."
Liest de Rapport "Breaking the silence" vu CARE Lëtzebuerg hei.