Radioen

On air

Tockcity  |  Dumbo Tracks, Smile & Julian Stetter - Daughter of Flood Feat. Rubee Fegan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FGFC informéiert d'Beamten iwwer de Sujet mental Gesondheet

Campagne "Wéi geet et?

FGFC informéiert d'Beamten iwwer de Sujet mental Gesondheet

Mat der neier Campagne "Wéi geet et" wëllt d'Gemengebeamtegewerkschaft FGFC an de psychosozialen Service vun der Fonction publique iwwer déi mental Gesondheet sensibiliséieren, dat haaptsächlech mat Videoen, erkläert de Benoît Billo.

auto_stories

2 min

De Benoit Billo (FGFC) iwwer d'Campagne "Wéi geet et?"play_arrow


D'Konzept vun der Campagne baséiert op aacht verschidden Thematiken, déi reegelméisseg opkommen, preziséiert de Benoît Billo vun der FGFC. D'Konflikter, de Stress, d'Angscht, de Mobbing, d'Depressioun, d'Suergen ëm ee Kolleeg, d'Aarbechtsiwwerlaaschtung an den Alkohol an d'Suchtverhalen.

"Et sinn aacht Theemen, déi an eiser Aarbecht als Gewerkschaft dacks erëmkommen, an et heescht eng adequat Äntwert op déi Problematiken ze ginn."

Mental Gesondheet nach ëmmer Tabuthema

D'Campagne wier aus der Iwwerleeung eraus entstanen, datt ee sech ënner Kolleegen all Dag d'Fro stellt: Wéi geet et, ouni awer reell drop anzegoen:

"Mir äntweren automatesch, ouni eis awer reell dofir ze interesséieren. Ech mengen awer, datt déi Theemen nach ëmmer tabu bleiwen, well et Sujete sinn, déi d'Leit concernéieren an iwwer déi et schwiereg ass ze schwätzen, d'Leit hunn Angscht driwwer ze diskutéieren. Et war deemno wichteg de Leit op Basis vu Videoen ze weisen, datt een déi Problemer ugeet an datt et Léisunge ginn."

Psychologe beliichten déi Thematiken a Videoen

An deene verschiddene Videoe ginn d'Psychologe konkret Äntwerten op déi Froen, déi ee sech vläicht stellt. Déi fiktiv Gespréicher mat de Psychologen ginn et an e puer Sproochen. Et kann een och de Service direkt contactéiere fir een Treffen ze organiséieren.

Et wier d'Roll vun enger Gewerkschaft Leit, déi leiden, mam psychosoziale Service a Verbindung ze setzen. Et misst een de Sujet dedramatiséieren an d'Tabuen ofbauen. A wann een anonym wëllt bleiwen, da kann ee ganz einfach déi Videoe kucken, ouni datt d'Hierarchie eppes driwwer gewuer gëtt, argumentéiert d'FGFC.