Radioen

On air

Resonanzen  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bundestagswahl: déi Gréng an FDP als "Kanzlermacher"

Däitschland

Bundestagswahl: déi Gréng an FDP als "Kanzlermacher"

No der Wal an Däitschland koumen gëschter Owend d'Parteispëtzten zesummen, fir d'Resultater anzeuerdnen. Am Fokus stoung natierlech d'Fro, wie mat wiem koaléieren wëllt, an do hunn elo zwou Parteien d'Rudder an der Hand.

auto_stories

3 min

Obwuel den SPD-Kandidat Olaf Scholz als virleefege Gewënner an d'Berliner Runde vun ZDF an ARD koum, stoungen zwee aner Walgewënner am Mëttelpunkt: déi liberal FDP an déi Gréng. Well et ass bal sécher: fir eng zukünfteg Regierungskoalitioun féiert kee Wee laanscht si.

Souwuel d'SPD wéi och d'Unioun hoffen op eng Zesummenaarbecht mat den zwou Parteien. Den FDP-Chef Christian Lindner an d'Annalena Baerbock vun de Gréngen sinn elo also "Kanzlermacher". A si halen et fir sënnvoll fir d'éischt eemol Gespréicher ënnereneen ze féieren, well weder d'SPD nach d'CDU e kloert Mandat vun de Wieler kritt hätten, sou de Lindner:

"Etwa 75 Prozent der Deutschen haben die Partei eines nächsten Kanzlers nicht gewählt. Und deshalb könnte es ratsam sein, dass die Parteien, die gegen den Status Quo der Großen Koalition Wahlkampf gemacht haben, die aus einer unterschiedlichen Perspektive heraus diesen Status Quo überwinden wollten, dass also Grüne und FDP, zuerst miteinander sprechen, um dann all das, was danach kommt zu strukturieren."

Och d'Annalena Baerbock sot, datt déi al Logik, no där eng eenzeg Partei potentiell Koalitiounspartner urifft a sondéiert, dem Opbroch am Land net gerecht gëtt.

Wien huet de Regierungsoptrag?

Den Olaf Scholz iwwerdeems huet d'Resultat vu senger SPD als kloert Mandat fir eng Regierungsbildung gedeit:

"Ich würd' das mal so sagen: es gibt ein paar Parteien, die hier am Tisch sitzen, die haben Zuwächse erzielt - die SPD einen sehr großen, die Grünen, die FDP - und andere haben keine Zuwächse erzielt. Auch das ist eine Botschaft."

Gemengt war natierlech d'Unioun ënner dem Armin Laschet, déi gëschter knapp hanner der SPD louch awer hiert schlechtst Resultat vun allen Zäiten huet missen akzeptéieren. D'Kanzlerambitioune wollt den CDU-Chef awer nach net begruewen:

"Nicht immer war die Partei, die auf eins war auch die, die den Kanzler stellte und deshalb ist das jetzt die große Aufgabe der demokratischen Parteien zu sehen, wo es die größten Gemeinsamkeiten gibt."

A genee hei läit de Knackpunkt, well elo déi Gréng an d'FDP sech tëschent SPD an Unioun decidéiere mussen.

Bündnis90/Die Grünen an FDP decidéieren

Déi Gréng hunn am Walkampf ëmmer nees betount, datt si d'Sozialdemokraten als Partner favoriséieren. Gëschter gouf et awer kee kloert Bekenntnis an déi Richtung. D'FDP huet iwwerdeems kloer gestallt, datt si léiwer mat der CDU/CSU an eng Jamaika-Koalitioun géif goen, well:

"Für uns sind die Ideen von Steuererhöhungen oder Aufweichen der Schuldenbremse auch nach der Wahl noch keine akzeptablen Ideen."

Sou de Christian Lindner, deen awer och ënnerstrach huet, datt seng Partei a Rheinland-Pfalz erfollegräich mat der SPD an de Gréngen zesummeschafft. Fir d'Annalena Baerbock kënnt et lo virun allem op eppes un:

"Ohne Aufbruch macht es ja keinen Sinn zu sagen: Wir machen einen neuen Koaltionsvertrag. Es geht nicht um den kleinsten gemeinsamen Nenner, sondern es geht jetzt wirklich in diesem historischen Moment darum, die Weichen für die Zukunft zu stellen."

Datt elo grad d'FDP an déi Gréng, déi ideologesch net vill verbënnt, e gemeinsame Regierungspartner wëlle sichen, ass eng grouss Erausfuerderung, déi och symbolesch fir de Wandel an der däitscher Parteielandschaft ass.

An engem Punkt waren sech dann awer all Parteien eens: et soll keng Zäit verplempert ginn. Spéitstens Chrëschtdag soll déi nei Regierung stoen.