Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Budgetssträit: Et steet 3 zu 24

EU-FINANZPAK

Budgetssträit: Et steet 3 zu 24

An der EU sinn 1,8 Billiounen Euro blockéiert: den europäesche Budget an den Anti-Krise-Fonds. Ungarn a Polen hunn ee Veto ageluecht, si gi mëttlerweil vu Slowenien ënnerstëtzt. Wéi eng Méiglechkeete gëtt et fir een Auswee ze fannen? Dorop kucke mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

1 min

D'Danièle Weber ass EU-Korrespondentin vum radio 100,7. Foto: Archiv

Op der Videokonferenz vun den EU-Staats- a Regierungscheffen um Donneschdeg den Owend sollt eigentlech de Point gemaach ginn iwwer d'Corona-Pandemie. Wéinst der aktueller Situatioun gouf dunn awer och iwwer de Budget geschwat.

Deen Austausch iwwer de Sujet huet net emol eng hallef Stonn gedauert. An, wéi erwaart, koum et do net zum Duerchbroch.

Ungarn a Polen haten e Méindeg ee Veto ageluecht, well si net mat engem neie Mechanismus d'Accord sinn, deen am Kader vum Budget géif a Kraaft trieden. Et geet drëm, d'Ausbezuele vun EU-Suen un d'Konditioun ze knäppen, datt d'Reegele vum Rechtsstaat respektéiert ginn. Slowenien ënnerstëtzt dee Veto.

Déi grouss Majoritéit vun de Länner stéing awer nach ëmmer hanner deem, wat d'Memberlänner mam Europaparlament ausgehandelt hunn, sot gëschter Owend de Rotspresident Charles Michel.

Et géif een d'Situatioun eescht huelen an et wier ee sech bewosst, datt elo séier eng Léisung muss fonnt ginn. Wéi kann déi Léisung ausgesinn? A wat sinn d'Argumenter vun Ungarn a Polen?

Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber, an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.