Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit - wat ee wësse muss

Nom Referendum

Brexit - wat ee wësse muss

Bal 52 Prozent vun de Briten hunn am Referendum fir en Austrëtt aus der EU gestëmmt. No der initialer Euphorie an dem Dram vun enger neier Zukunft, riskéiere si awer nees séier zou sech mussen ze kommen. Well et komme politesche Chaos, eng méiglech ekonomesch Rezessioun, en Exodus vu Banken aus der Londoner City an eng eventuell Trennung vu Schottland a Nordirland mam Vereenegte Kinnekräich op si duer.

auto_stories

5 min

© Bigstock / Tupungato

Déi direkt politesch Konsequenze vum Brexit fir Groussbritannien hunn net laang op sech waarde gelooss. E puer Stonnen no der Annonce vum Resultat huet de Premier David Cameron virun der 10 Downing Street zu London säi Récktrëtt fir Oktober ugekënnegt.

Wie gëtt neie Premier?

Domat gouf bei de Konservativen de Muechtkampf lancéiert, fir een neie Leader a Premier ze designéieren. Favorit ass de fréiere Londoner Buergermeeschter Boris Johnson. De charismatesche Leader vun der Leave-Campagne kann op vill Ënnerstëtzung vun der Parteibasis zielen. Et bestinn awer och Zweiwel drun, datt hie genuch staatsmännesch Autoritéit huet, fir den Job als Premier z'iwwerhuelen. Weider potentiell Kandidate wieren d'Inneministesch Theresa May, oder de Justizminister Michael Gove, deen awer selwer gesot hat, hie wier net um Posten intresséiert.

Den David Cameron huet no der Annonce vum Resultat säi Récktrëtt annoncéiert (Foto: © Simonsnap / Bigstock)

D'Prozedur, fir en neie konservative Leader a Premier ze designéieren, dauert bis Hierscht. Déi nächst Parlaments-Wahlen si vir 2020 geplangt. Et ass och gutt méiglech, dass déi virgezu ginn.

D'Konsequenze bei der Oppositioun

Och fir déi gréisste britesch Oppositiounspartei Labour huet de Brexit politesch Konsequenzen. De Parteipresident Jeremy Corbyn huet um Samschdeg ee vun senge schäerfste parteiinterne Kritiker aus sengem Kabinett gehäit. Den Hilary Benn hat dem Corbyn eng schwaach Féierung virgehäit. Vill Labour-Leit reprochéieren dem Corbyn och, datt hie sech net kloer genuch géint de Brexit agesat hätt. Den Jeremy Corbyn riskéiert elo, sech engem Vertrauensvote a senger Partei mussen ze stellen.

Den Oppositiouns-Leader Jeremy Corbyn riskéiert sech engem Vertrauensvote mussen ze stellen (Foto: UK Parliament / Jessica Taylor)

Schottland an Irland kéinten onofhängeg ginn

Ier Groussbritannien eng nei Relatioun mat der EU an dem Rescht vun der Welt verhandelt, steet d'Vereenegt Kinnekräich selwer viru fundamentalen Ännerungen. Well Schottland wëll an der EU bleiwen. Den 23 Juni hat kee Wahlbezierk fir en Austrëtt gestëmmt.

Et ass héchstwahrscheinlech, datt Schottland nach eng Kéier e Referendum ofhält, fir sech vu Groussbritannien ze trennen. Déi schottesch Regierung géif op jiddwer Fall alles maachen fir d'EU Memberschaft vu Schottland ze verdeedegen, esou d'Premier Ministesch Nicola Sturgeon. Et géif ee séier den Dialog mat den Europäeschen Institutiounen an deenen anere Memberstaate sichen, an et wéilt een d'Plaz vu Schottland an der EU verdeedegen.

Och Nordirland kéint sech an Zukunft vu Groussbritannien trennen. D'Wieler do waren och majoritär géint en EU Austrëtt. An déi republikanesch Sinn Fein Partei fuerdert elo e nordiresche Referendum iwwert eng Re-Unifikatioun mat Irland.

Et gëtt keen Zeréck

A ganz Groussbritannien gouf eng Petitioun lancéiert, fir de Referendum einfach nach emol ze maachen. Iwwer 3 Millioune Leit hunn déi Petitioun bis elo ënnerschriwwen. Et bestinn allerdéngs keng Chancen, datt hire Wonsch an Erfëllung geet. De Premier David Cameron hat ëmmer nees betount, et géif keen Zeréck nom Referendum. Dat wier eng definitiv Decisioun.

D'Prozedur fir déi "Scheedung" tëscht Groussbritannien an der EU, esou wéi de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel et genannt huet, ass nach net offiziell lancéiert. Dat geschitt iwwert den Artikel 50 aus dem Lissabonner Traité. Fir deen ze declenchéiere muss Groussbritannien eng formell Austrëtts-Demande maachen. An et kéint sinn, datt den David Cameron déi scho muer um EU Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen mécht. Hien hat zwar a senger Ried um Donneschdeg gesot, hie wéilt bis Oktober domat waarden.

Ënnerschiddlech Visiounen an der EU

Mee den Drock klëmmt. Vun de grousse Fraktiounen am Europaparlament. A vum EU Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an dem franséische President François Hollande. Si soen, d'Austrëttsprozedur misst esou séier ewéi méiglech ugefaange ginn.

De Jean-Claude Juncker fuerdert, datt d'Austrëttsprozedur sou séi wéi méiglech lancéiert gëtt (Foto: radio 100,7)

En aneren Toun héiert ee par konter vun der däitscher Kanzlerin Angela Merkel. An dëser Situatioun dierft ee keng séier an einfach Conclusiounen zéien, déi Europa just weider géife splécken. Dës Approche schéngt och de Xavier Bettel ze deelen. Et wär e falscht Zeechen, di ze bestroffen, déi net der Meenung vun Europa wieren.

Egal wéi, nodeems den Artikel 50 declenchéiert ass, dauert et op d'mannst zwee Joer laang, bis d'Verhandlungen iwwert den Austrëtt vun Groussbritannien ofgeschloss kënne ginn.

Eng nei Finanzkris?

D'Finanzmäert weltwäit hunn d'Victoire vun de "Brexiteers" de leschten Donneschdeg och direkt gespiert: D'Pond ass staark gefall, d'Ratingsagence Moody's huet déi ekonomesch Aussiichten vu Groussbritannien no ënne revidéiert, de berühmte Fiancéier George Soros huet gewarnt, dass de Brexit riskéiere géif, eng Finanz-Kris wéi déi vun 2007-2008 auszeléisen.

Eng schlecht Nouvelle fir d'Londoner Finanzplaz ass och d'Demissioun vum Britesche Kommissär fir finanziell Servicer, Lord Hill. Hie sot nom Wahlresultat vum leschten Donneschdeg, hie kéint net méi weider fueren. Hie gëtt de 16. Juli vum lettesche Kommissär Valdis Dombrovskis ersat.

D'Bank of England huet ugekënnegt, datt si fir de Noutfall 250 Milliarde Pond disponibel stellt, fir de Banke-System z'ënnerstëtzen.

Et ass schwéier d'Konsequenzen op d'Londoner Finanzplaz virauszesoen (Foto: ©  IR Stone / Bigstock)

Keen EU-Pass fir britesch Banke méi

D'Londoner City fäert besonnesch, datt d'Londoner Banken a Finanzinstituter duerch den EU Austrëtt hire sougenannten "europäesche Pass" verléieren. Dëse Pass erméiglecht et, Finanzservicer um ganzen EU Maart ënnert der Regulatioun vun der Bank of England unzebidden, seet d'Swati Dhingra vun der London Schools of Economics.

Et wier wäit iwwerdriwwen ze soen, dass d'City doduerch géif zu Grond goen. Et géif awer méi deier ginn, fir vun do aus europäesch Transaktiounen ze maachen. Dofir géife schonn eng Partie auslännesch Banken iwwerleeën, ob si en Deel vun hire Ressourcen an aner Länner verleeën.

Dësen europäesche Pass ass ee vu villen Aspekter, déi Groussbritannien a senger neier Relatioun mat den aneren EU Länner aushandele muss. Et bleift ofzewaarden, wéi haart d'EU dobäi mat de Brite verhandelt. Och fir ze verhënneren datt, am Fall vun ze villen Zougeständnesser u Groussbritannien, aner EU Länner op d'Idee géife kommen, hire EU Memberschaft an engem Referendum a Fro ze stellen.