Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Two Door Cinema Club - Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Influenz vun der klassescher Press "iwwerbewäert"

Referendum a Groussbritannien

D'Influenz vun der klassescher Press "iwwerbewäert"

Zanter Woche leeft de Brexit-Medienzirkus a Groussbritannien op Héichtouren. Den George Brock, Professer fir Journalismus zu London, erkläert am Interview wéi déi sozial Medien d'Debatt beaflosst hunn.

auto_stories

2 min

Besonnesch an Zäite vun der digitaler Revolutioun géif déi politesch Influenz vun der Press ofhuelen, seet den George Brock

Déi national britesch Zeitungen hu sech relativ laang Zäit gelooss, fir hire Fändel un de Mast ze neelen: Eréischt eng Woch virum Referendum hat d'Boulevardzeitung The Sun, déi meescht gelieste britesch Zeitung, sech op hirer Titelsäit op d'Säit vum "Leave" gestallt. Déi grouss Sonndeszeitungen hu bis de leschte Weekend virum Wahldag gewaart: Och d'Sunday Times an de Sunday Telegraph hu fir en Austrëtt aus der EU plaidéiert, aner, méi lénk geriichten Zeitunge wéi de Guardian an Observer, hu sech, ouni grouss Surprise, op d'Säit vu Remain gestallt.

Mee obwuel déi britesch Press mat hire cleveren Headlines an dacks räisseresche Leitartikele bei Wahle vill Opmierksamkeet op sech zitt, géif hir Influenz op d'Politik iwwerbewäert ginn, seet den George Brock, Professer fir Journalismus op der City University zu London.

Sozial Medien beléift, well net encadréiert

A besonnesch an Zäite vun der digitaler Revolutioun géif déi politesch Influenz vun der Press ofhuelen. "D'Oplage vun de Zeitunge si gefall a wäerte weider falen. Virun alem Jonker liese manner Zeitunge mee gi sech hir Informatiounen online sichen. Dofir ass, menger Meenung no, den Afloss vun der Press bei dësem Referendum sou kleng wéi nach ni", sou den George Brock.

Dofir goufen d'Campagnë fir dëse Referendum dann och - méi ewéi jee - online geféiert. Iwwer sozial Reseaue wéi Facebook, Twitter an anerer. "Dat ass juristesch a praktesch net encadréiert an dofir sou beléift", seet den Geroge Brock dozou. Objektivitéit a Neutralitéit, sou wéi d'BBC se géif assuréieren, wier an de soziale Medie keng Flicht. "Et gi grouss Online-Communautéiten déi sech net dru stéieren, wa kontrovers Meenungen a Stereotyppen ausgedréckt ginn", ënnersträicht den George Brock.

10-15 Prozent nach net decidéiert

Dass "Leave" a "Remain" kuerz virum Referendum an de Sondage bal gläichop leien, wonnert de Professer George Brock net. Fir vill Leit wier de Sujet schwéier ze verstoen an e géif si duerchernee maachen. Et wier och keng Traditioun do, fir iwwer "sou wichteg Sujeten ze diskutéieren".

"Grouss Diskussioune goufen et nach net dacks wann et ëm europapolitesch Dossiere gaangen ass. Dofir sinn hei vill Leit vum Sujet gelangweilt, oder si verstinn net alles, a fannen et schwéier ee Choix ze treffen", sou de George Brock. D'Zuel vun deenen, déi bis kuerz virum Vote nach ëmmer net decidéiert sinn, läit, de Sondage no, iwwregens bei héijen 10-15 Prozent.

Afloss vun de Medienplay_arrow