Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Loren Kramar - Hollywood Blvd

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Sommet bréngt Divergenzen zum Virschäin

Brexit

EU-Sommet bréngt Divergenzen zum Virschäin

D’Verhandlungen iwwert de Brexit fänken eréischt u wa Groussbritannien den Artikel 50 vum EU-Traité, an domat d'Austrëttsprozedur declenchéiert huet. Dat soll Enn Mäerz geschéien. Um Donneschdeg Owend hunn d'EU Staats- a Regierungscheffen nom EU-Sommet informell Diskussiounen iwwert d'Prozedure fir d'Brexit­-Verhandlungen gefouert. Dobäi leien d’Meenungen iwwer de Brexit wäit auserneen, och bei den EU-Länner.

auto_stories

4 min

De Martin Schulz huet seng Roserei net verstoppt (Foto: European Union 2016 / European Council / Christos Dogas)

Den Datum vum Ufank vun de Brexit-Verhandlunge réckelt lues awer sécher méi no. Um Donneschdeg Owend hunn d'Staats- a Regierungscheffen an informelle Gespréicher iwwert d'Prozedure fir d'Verhandlungen diskutéiert. Déi britesch Regierungscheffin Theresa May war net méi derbäi.

Si wier frou, datt déi aner iwwer de Brexit géifen diskutéieren, well den Artikel 50 géif d'nächst Joer declanchéiert ginn. Et wier gutt, datt déi aner déi Verhandlunge géife virbereeden, well si se och géife virbereeden, sou d'Theresa May. "Ech soen et nach eng Kéier: Mir verloossen d'EU a mir hätte gär, datt dat sou reiwungslos wéi méiglech geschitt."

Esou reiwungslos an einfach, wéi d'Theresa May et gär hätt, leeft et den Ament awer wuel nach net. D’EU wëll sech zanter dem Referendum a Groussbritannien, zur Brexit-Fro geschlossen a gëeenegt weisen. Awer et gi vill Onkloerheeten an Divergenzen. Ugefaange bei der Fro, wéi e Gewiicht déi dräi EU Institutioune - d’Kommissioun, de Conseil an d’Parlament - bei de Verhandlunge solle kréien, a wéi wäit si mat verhandelen a mat decidéiere kënnen.

Schulz fuerdert "Enn vu Spillercher"

Virun allem d'Roll vum Europa-Parlament war um Sommet en Thema. Am Entworf vum Text, an deem déi prinzipiell Verhandlungs-Prozedure skizzéiert ginn, sollt d’EU Parlament net direkt an d’Verhandlunge mat abezu ginn. Den nach-President vum Europaparlament, Martin Schulz, huet seng Roserei doriwwer op sengem lescht Sommet, net verstoppt: "Ech erwaarde mir datt d'Spillercher endlech ophalen. Datt d'Europäescht Parlament als lästegen Iwwel betruecht gëtt, och vum President vum Europäesche Rot. Dat geet sou net!"

De Martin Schulz huet drun erënnert, dat d'Parlament um Enn iwwer den Austrëtts-Vertrag vu Groussbritanie muss ofstëmmen. Hie wéilt net, datt Leit wéi de Farage mat hirer Stëmm géifen entscheeden, well et keng breet Majoritéit géif ginn. D'Abannung vum Parlament an dee ganze Prozess wier keng Fuerderung vun him privat, mee een "Akt der Vernunft", sou de Schluz weider.

Roll vun EU-Parlament bei Brexit-Accord

Dëser schaarfer Kritik koumen d'Staats- a Regierungs-Cheffen no den informelle Gespréicher zum Deel entgéint. D'Annex, mat de Prozedure fir d’Verhandlungen, gouf liicht ofgeännert. Vertrieder vum EU Parlament sollten un de Virbereedungsreuniounen deel huelen, fir d'Richtlinne vum Verhandlungskader fir de Brexit auszeschaffen, steet elo dran. D'EU-Kommissioun an hire Chef-Negotiateur, de Michel Barnier, sollen awer weiderhin d'Verhandlunge leeden.

Et bleift opzewaarden, ob dat duer geet fir d'Europaparlament an hiren designéierte Brexit-Negotiateur (dee fréieren hollännesche Premier Guy Verhofstad) zefridden ze stellen. Fir de liberale Lëtzebuerger Europa-Deputéieren Charel Goerens ass op alle Fall kloer: D’Europaparlament hätt bei de Brexit Verhandlungen eng wichteg Roll ze spillen.

D'Parlament géif am Mäerz eng Resolutioun stëmmen, wou déi rout Linne fixéiert ginn. D'Memberstaate wiere gutt beroden, wa si vun Ufank un d'Wënsch an d'Virstellunge vum Europaparlament mat géife berücksichtegen, sou de Charel Goerens. "Well soss riskéiere si herno op eng Ofleenung am Parlament ze stoussen. An da wier den Accord futti."

Ënnerschiddlech Interessie vu Memberstaaten

Et wier awer net ganz realistesch ze mengen, dass d'EU-Parlament, bei engem Brexit-Accord, wierklech Gebrauch vu sengem Veto Recht géif maachen, mengt de Pieter Cleppe vum Think Tank Open Europe. D'Veto-Recht vum Europaparlament géif hei eigentlech just theoretesch existéieren. De Brexit wier därmoossen eng grouss Saach, datt et onwahrscheinlech wier, datt d'Europadeputéiert sech géint hir politesch Meeschteren an hire Länner géife stellen. "D'Eruopadeputéiert hunn all Interêt, datt d'Politiker vun hirem Grupp an hiren Heemechtslänner zeréckgewielt ginn."

Datt d'Oneenegkeeten iwwert d’Roll vum Europaparlament bei de Brexit-Verhandlungen d’Kredibilitéit an d’Handlungsfähegkeet vun der EU a Gefor kéinte bréngen ass fir de Pieter Cleppe net de sprangende Punkt. Vill méi problematesch wieren déi ënnerschiddlech Positiounen a national Interessie vun den eenzele 27 EU-Länner.

Süd-Europa wier an dësen Diskussiounen net sou involvéiert. Nord-west Europa wier staark ofhängeg vum Handel mat Groussbritannien. Fir Zentral- an Osteuropa wier déi fräi Zirkulatioun vun de Mënschen immens wichteg. Schonn ier d0Verhandlungen ugefaangen hätten, géif ee getrennte Positiounen erkennen.

De Pieter Cleppe gesäit eng grouss Gefor, datt déi vereenegt Front, déi d’EU an de Brexit Verhandlunge anhale muss, séier bréckele kéint wann eenzel Länner net dat eraus schloen, wat fir si wichteg ass. Do misst een ofwaarden, wéi eng konkret Positiounen d'EU bei deene vill kriddelege Punkte vum Brexit anhëlt. Ouni Kompromësser wäert et souwisou net goen. Souwuel d'EU wéi och Groussbritannien kéimen net dolaanscht, Waasser an hire Wäin ze schëdden.

Weder d'EU nach Groussbritannien leeën hir Kaarten den Ament op den Dësch. Do gouf och um leschten EU-Sommet vum Joer nach näischt méi kloer.