Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Den Zäitplang gëtt enk

Europaparlament

Brexit: Den Zäitplang gëtt enk

Déi zweet Phas vun de Negociatioune mat Groussbritannien iwwert den Austrëtt aus der EU kann agelaut ginn. Där Meenung ass d'Europaparlament. Et misst awer kloer sinn, datt dat wat elo festgehale gouf, och verbindlech ass, fuerderen d'Europadeputéiert an enger Resolutioun. Et gëtt nach vill ze dinn, sou d'Analys vum Parlament. Virun allem am Beräich Biergerrechter misste nach etlech Detailer gekläert ginn.

auto_stories

2 min

D'Europaparlament ass der Meenung, datt déi zweet Phas vun de Verhandlungen iwwert de Brexit ufänke kann. D'Decisioun fir dës Phas anzelaude gëtt um EU-Sommet geholl. D'Parlament huet do net direkt eppes matzeschwätzen, muss awer ganz um Schluss vun der Prozedur iwwert den Accord ofstëmmen.

Trotzdem wier d'Meenung vun den Deputéiert zu all Moment gefrot, sot e Mëttwoch den EU-Chef-Negociateur Michel Barnier virun der Plenière zu Stroossbuerg. Et stoung eng Resolutioun zur Diskussioun, an där d'Parlament seng Analys mécht.

David Davis suergt fir Opreegung

Fir Opreegung ënnert den Deputéiert huet virun allem d'Ausso vum britesche Brexit-Minister David Davis gesuergt. Hien hat de Weekend gesot, dës Deklaratioun wier keen Engagement, mä dora géif just eng Intentioun ausgedréckt. Dës Ausso hätt d'Vertrauen ënnergruewen, seet de Brexit-Beoptraagte vum Europaparlament, de Guy Verhofstad. "Eis Resolutioun seet dowéinst kloer, datt Groussbritannien muss zu senge Engagementer stoen, ier mir an déi zweet Phas kënne goen."

An der Resolutioun gëtt ënnerstrach, dat d'Deklaratioun, déi elo um Dësch läit, muss d'Basis si fir den Accord, deen dono den Austrëtt beschreift. D'Liesaart vum Parlament vun där gemeinsamer Deklaratioun ass duerchaus positiv.

"EU huet sech zu 100 Prozent duerchgesat"

D'EU hätt sech an den Haaptfuerderungen zu 100 Prozent duerchgesat, betount de Chef vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei, de Manfred Weber.

Et ass awer net alles sou, wéi et soll sinn. Wat d'Biergerrechter ugeet, missten nach eng ganz Partie Saache kloergestallt ginn, sot de Guy Verhofstad. Et misst an engem zukünftegen Accord virun allem festgehale ginn, datt d'Prozedur net zu Laaschte vun den EU-Bierger geet, déi a Groussbritannien wunnen. Dowéinst sollt am Accord selwer festgehale ginn, datt d'Beweislaascht bei de briteschen Autoritéite läit, an net bei de Bierger. Et dierft net zu engem Pabeierkrich kommen, d'Bierger dierften net mat immensen administrativen Demarchë belaascht ginn, sou de Guy Verhofstad.

Wann esou Saachen net festgehale ginn, géif et ee Problem mam Europäesche Parlament ginn.

Europaparlament sëtzt um laangen Hiewel

De Chef vun de Liberalen huet nach eng Kéier drop higewisen, datt d'Parlament hei um laangen Hiewel setzt. "Mir kënne ganz um Enn vum Prozess Jo oder Neen zu deem Accord soen", stellt de Guy Verhofstad kloer.

En Vue vum Datum fir den Brexit am Mäerz 2019 musse bis am Oktober d'nächst Joer all d'Pabeieren um Dësch leien. Dat gëtt esou lues enk, seet d'CSV-Europadeputéiert Viviane Reding. Well dee schwieregsten Deel vun de Verhandlungen géif elo eréischt ufänken.