De Plang "Good Move" war dëst Joer am Februar vum Gemengerot adoptéiert ginn.
Déi nei Reegele gëlle fir d'Zon bannent dem "Pentagone", dat heescht bannent der sougenannter "petite ceinture" (R20), déi ronderëm den Zentrum vu Bréissel féiert: Vun der Porte de Hal am Süden, erop op d'Porte de Namur, iwwer d'Place Madou a Place Rogier bis bei de Kanal an nees erof virun d'Gare du Midi.
Net verbueden, an de Pentagone eranzefueren
Am Stadkär soll deemno de Verkéier nei gereegelt ginn. Dem Plang no ass et net verbueden, mam Auto an déi Zon eranzefueren, allerdéngs soll keen Transit-Verkéier méi duerch den Zentrum goen.
Automobilisten, déi an de Pentagon erafueren an deenen hir Destinatioun net explizitt de Stadzentrum ass, solle baussen op der Ceinture bleiwen.
Déi aner Automobiliste ginn op ee vun den ëffentleche Parkingen dirigéiert. De Schema vum Plang gesäit aacht Zone mat Verkéiers-Boucle fir d'Autosfuerer vir. Ausgewise sinn och nei Sens-uniquen, plazeweis gi Bornen opgestallt, déi den Accès limitéieren, an op ville Plaze ginn d'Foussgänger-Zonen ausgebaut.
Evaluatioun am August 2023
Et ass ee sech bewosst, datt dat Ganzt net vu jidderengem mat Freed wäert opgeholl ginn. "Ça va secouer", sot viru Kuerzem de Buergermeeschter Philippe Close der Zeitung Le soir. Et misst een awer verstoen, datt ëmmer méi Leit am Stadkär wunnen, deemno misst de Verkéier adaptéiert ginn.
Een Drëttel vun de Leit, déi am Pentagone wunnen, hu keen Auto, dorun huet de Schäffe fir d'Mobilitéit de Bart Dhondt erënnert. Et wéilt een de Leit Zäit ginn, fir sech ëmzegewinnen. D'Gemeng gesäit Personal fir, déi op der Plaz d'Changementer erklären.
Dee richtegen Challenge kënnt den éischte September, dann ass Rentrée an nees normale Verkéier an der belscher Haaptstad, wou et den Ament roueg op de Stroossen ass.
Ee Joer laang soll elo evaluéiert ginn, an d'nächst Joer am August dann de Bilan gezu ginn.