Iwwerall an der EU goufe Mesurë geholl, fir d'Hausse vun den Energiepräisser an déi allgemeng Inflatioun opzefänken. Esou Mesurë wieren néideg, fir deene Stéit an Entreprisen ze hëllefen, déi am meeschten drënner leiden, seet dozou d'Europäesch Kommissioun, déi déi national Budgete vun de Memberlänner reegelméisseg kommentéiert.
Mesuren, déi sech haaptsächlech op d'Energiepräisser fokusséieren, kënnen awer um Enn dofir suergen, datt d'Inflatioun d'nächst Joer weider ugeheizt gëtt an den Defizit nach méi staark an d'Luucht geet, sou den EU-Wirtschafts-Kommissär Paolo Gentiloni Uganks der Woch zu Bréissel.
"Dofir encouragéiere mir d'Memberlänner, méi cibléiert Mesuren ze huelen, déi och een Ureiz bidden, fir Energie ze spueren."
D'Lëtzebuerger Mesurë gesinn esou eppes net vir, wat d'Kommissioun an hirem Pabeier iwwer de Lëtzebuerger Staatsbudget kritiséiert. Bréissel recommandéiert och hei méi cibléiert Mesuren.
Yuriko Backes: Eis Anti-Inflatiouns-Mesurë gräifen
Dat wier beim zweete Lëtzebuerger Pak effektiv net de Fall, gëtt d'Finanzministesch zou:
"Den Antinflatiounspak ass net esou cibléiert, wéi mir et vläicht gären gehat hätten. Well mir hei probéieren, een Impakt op Inflatioun ze hunn. Mir wëssen, datt d'Inflatioun zu Lëtzebuerg zum groussen Deel importéiert ass. Mee déi Influenz, déi mir kennen hunn, probéiere mir ganz auszespillen."
D'Recommandatioun vun der EU-Kommissioun géif een zur Kenntnis huelen, sou d'Yuriko Backes. Allerdéngs ass si weider iwwerzeegt, datt een um richtege Wee ass.
"Déi Mesurë maachen zesummen 3,3 Prozent vun eisem PIB aus. Dat heescht, dat ass schonn een zolitten Invest. Mir sinn iwwerzeegt, datt eisen Anti-Inflatiounspak een Impakt op d'Inflatioun wäert hunn."
Dat hätt, sou d'Yuriko Backes, och de STATEC esou confirméiert. D'Lëtzebuerger Regierung mécht deemno eng aner Analys wéi d'EU-Kommissioun.
Op der Sitzung vun den EU-Finanzministeren Ufanks der Woch gouf driwwer diskutéiert, "wéi mer eis Mesurë besser openeen ofstëmme kënnen", sou de Pascal Donohoe, de President vum Eurogrupp.
"Et wier gutt Uganks nächst Joer ze kucken, wat mer do kënnen anescht maachen".
Weider Mesuren 2023 net ausgeschloss
D'Lëtzebuerger Mesuren awer lafen à priori bis Enn 2023. Wier d'Regierung da prett, deen Zäitplang ze iwwerdenken, an den Tripartitespak nees opzemaachen? D'Yuriko Backes mengt net:
"Nee, fir de Moment gëtt et kee Grond dofir. D'Mesurë gräifen, petit à petit, verschiddener triede jo eréischt Ufanks nächst Joer a Kraaft. Fir de Moment suivéiere mir dat, mir suivéieren och den Impakt vun deene Mesuren, a wa weider Decisiounen a Mesuren néideg sinn, dann huele mir dat, mee wéi ëmmer am Dialog."
Ausgeschloss ass et also net, datt dee Pak nach eng Kéier muss op de Leescht geholl ginn. Genee ewéi een anere Kritikpunkt, deen d'Kommissioun zanter Joren ervirsträicht: dee vun enger néideger struktureller Pensiounsreform zu Lëtzebuerg.
Do misste ganz seriö Diskussioune gefouert ginn, sou d'Yuriko Backes:
"Ech mengen dat ass indispensabel fir eist Land."
Dat allerdéngs wier dann d'Aufgab vun där nächster Regierung.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.