Bommeleeërprozess ass ënnerbrach
De Bommeleeërprozess gëtt wéi erwaart bis op weideres ausgesat, dat bis d’Enquêten ofgeschloss sinn iwwert déi 6 fréier Gendarmen, déi de Parquet wëll ukloen. D’Riichterin Sylvie Conter sot haut am Prozess , datt d’Chambre Criminelle dat an engem Tëschen-Uerteel decidéiert huet.
De Prozess géint d’fréier Gendarme Jos Wilmes a Marc Scheer mëscht deemno wéi gesot eng Paus... wéini de Prozess virugeet ass net gewosst, dat hänkt elo vum zoustännegen Untersuchungsriichter Ernest Nilles of.
De Procureur d’État adjoint Georges Oswald huet op enger Pressekonferenz präziséiert, datt de Prozess géint déi zwee Ugekloten vun bis elo, op jidder Fall virugefouert gëtt. Bei esou enger komplexer a wichteger Affaire géing et keen “délai raisonable” ginn. Nieft der Demande fir 6 weider Leit z’inculpéieren, huet de Procureur den Untersuchungsriichter och gefrot, fir an Tëscht, mat de 7 Membere vun der Police Judiciaire, déi him zur Säit stinn, nach weider z’enquêtéieren:
De Procureur huet och op e neits ënnerstrach, datt hie nach weider Inculpatioune kéint ufroen, zum Beispill géint d’Zeie Loris Mariotto oder Ben Geiben, sou wéi d’Défense dat och fuerdert:
An de Procureur Georges Oswald sot haut weider, datt hie sech op e neits un d’Press géing adresséieren, soubal et e neien Ament an der Affaire gëtt.