Dem Bob Jungels säi Co-Equipier Sam Bennett hat de Sprint op de Champs Elyséë gëschter zu Paräis gewonnen a senger Ekipp domadder de grénge Maillot am Generalklassement geséchert.
Eng gutt Leeschtung, fënnt de Bob Jungels. Zanter 2007 hätt d'Ekipp kee grénge Maillot méi kritt. "Mir haten dräi Etappegewënner, an dat ass scho ganz speziell." D'Ekipp wier drop ausgeluecht esou Etappe wéi déi op de Champs-Elysées ze gewannen, an dat wier och gelongen.
Den Tour ass anescht verlaf, wéi geplangt
Säi perséinlecht Resultat gesäit de Bob Jungels méi kritesch: hie wier op den Tour de France komm fir eng Etapp ze gewannen a fir e "ganz gutt" Resultat ze maachen. "Dat ass mir net gelongen." Den Tour wier anescht verlaf, wéi ee sech dat erwaart hätt: seng Ekipp hätt de Maillot Jaune net gehat.
"Am Endeffekt si vill Saache beienee komm sou datt mir méi hu missten investéieren, wéi dat geplangt war." Zum Schluss hätt de Bob Jungels seng Chance kritt, mee "meng Been waren net méi do".
Jonk Coureure ginn ëmmer méi staark
Datt den 21 Joer jonken Tadej Pogačar den Tour de France am Endeffekt gewonnen huet, nodeems hien de Favorit Primož Roglič beim Zäitfueren ofgehaangen hat, hätt een net kënne virausgesinn.
An de leschte Jore géif ee gesinn, datt déi jonk Coureuren ëmmer méi staark géife ginn. Dat hätt och domat ze sinn, datt d'Trainingsmethoden ëmmer méi fréi professionell ausgebaut géife ginn, dat war beim Bob Jungels nach net de Fall.
De Bob Jungels géif sech mat senge 27 Joer awer nach net als ganz al ugesinn. Hie géif sech elo méi op vereenzelt Coursse fokusséieren: fënnef stinn der dës Saison nach um Programm.