Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bluttspenden: Wéi geet dat?

Reportage

Bluttspenden: Wéi geet dat?

Dat Lëtzebuergescht Rout Kräiz huet de Mëttwoch zum Bluttspenden opgeruff, well d'Reserve just nach fir sechs Deeg duergoungen. Dorops hin hu vill Leit sech fir d'éischte Kéier als Bluttspender gemellt. Mee wéi leeft dee Prozess of a wat muss ee wëssen?

auto_stories

2 min

Illustratioun Bluttspenden (Foto: Bigstock / Vitador)

Lauschterenplay_arrow

Wee Blutt spende wëll, kann den Ament einfach tëscht Méindes a Freides ouni Rendez-Vous beim Roude Kräiz laanscht goen. Um Boulevard Joseph 2, kuerz éiert een op de Glacis kënnt, steet e grousst Schëld, op deem Don de Sang steet, virum Gebai mat der Nummer 42. Do ginn ech eran - der Madamm an der Loge ginn ech meng Carte d'Identité a meng Carte de Securité Sociale a kréie vun hir e Questionnaire. Mat dem dierf ech dann weider op den éischte Stack, an e Raum, an deem siwe rout, bequeem Still schonn op Bluttspender waarden. Hei ginn ech fir d'éischt getest, wéi d'Infirmière mir erkläert.

"Also et ass esou, well mer jo keng Valeurë vun äre Bluttwäerter hunn, maache mer elo e Schnelltest, wou mer den Hemoglobin testen. Wann déi Valeur gutt ass, da steet u sech näischt am Wee fir Blutt ze spenden. Da gëtt dono nach de Questionnaire gekuckt."

E puer Punkte sinn ze beuechten

Duerno tigeren ech eriwwer an d'Waardezëmmer a fëlle mäi Questionnaire aus - do stinn allerhand Froen zu menger medezinescher Virgeschicht, zu Reesen an zu mengem Sexualverhalen drop. Wie sech doriwwer am Virfeld informéieren wëll, fënnt déi Infoen och op dondusang.lu. Wann een zum Beispill viru manner wéi sechs Méint an engem Risikogebitt fir Malaria war, dierf ee kee Blutt spenden. Dat gëllt och, wann een an de leschte véier Méint en neie Sexualpartner hat.

Mam ausgefëllte Questionnaire ginn ech duerno bei en Dokter, dee mat mir déi eenzel Froen duerchgeet. Hien huet och d'Resultat vu mengem Schnelltest.

Eng einfach a séier Prozedur

Meng Äntwerte sinn ok, ech däerf Blutt spenden. Nach kuerz an d'Cafeteria - et soll ee virdrun eppes giess hunn - dann ginn ech zréck op de roude Stull a ginn un de Schlauch ugeschloss.

Gepickt ginn ech lo an deen aneren Aarm, deen net fir den Test misst duerhalen. Duerno muss ech nach kuerz sëtzebleiwen, fir ze kucken, op et mer net schlecht gëtt, dann däerf ech weider op d'Aarbecht. An dräi Méint kréien ech dann elo déi nächst Invitatioun per Mail - komplizéiert ass eppes aneres.