Blo, Rout a Gréng fir Wäerteunterrecht - Reaktiounen

Als éischt Mesure fir eng Trennung vu Kierch a Staat, fuerdert d’ASBL "Liberté de Conscience", an engem Positiounspabeier un de Formateur Xavier Bettel: e Moratoire béi der Nominatioun vun kierchlechem Personal souwéi d’Afréieren vun hire Gehälter. Et begréisst een d’Ukënnegung, datt déi nei Regierung de Reliouns- an de Morale laïque-Unterrecht duerch en allgemenge Wäerteunterrecht wëll ersetzen.

"Liberté de Conscience" warnt awer vrun enger Harmoniséierung tëscht de aktuellen Reliouns- an Morale Laïque Kuren an der Aféierung vun engem “verkappten Reliounsunterrecht”. Am 100,7 Interview sot d’Cécile Paulus vu "Liberté et Conscience", si wär skeptesch, datt fréier Reliounsproffen e glawensneutralen Wäerteunterrecht kéinten halen. De Bistum wëll sengersäits haut oder muer eng Stellungnahm iwwert d’Aféierung vun Wäerteunterrecht erausginn, krute mer op Nofro hin gesot.

De Bäitrag vum Mick Entringer:

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen