Bistum: Keng Diskussioun mat Regierung iwwert Zukunft vu Reliouns-Enseignanten
D’Regierung huet zanter iwwer 3 Méint net méi mam Bistum iwwert d’Zukunft vun de Reliouns-Enseignanten a vum Wäerteunterrecht geschwat. Am 100,7 Interview sot de Jean-Louis Zeien gëschter Mëtteg, dat géing d’Leit veronsécheren. De Reliouns-Referent vum Bistum geheit der Regierung e Manktem un Transparenz vir. D’Regierung hätt versprach fir no der Fuesvakanz oder bis Ouschteren eng “feuille de route” virzeleeën, mee dat wär bis ewell net geschitt.
Den Educatiounsminister Claude Meisch hat virgëschter hei op der Antenne gesot, datt an Zukunft just ausgebilten Grondschoul Enseignanten am Kader vun hirer Tâche e Wäerteunterrecht an der Grondschoul sollen enseignéieren. Déi aktuell Reliouns-Enseignanten géingen eng Aarbecht an de scolairen a péri-scolairë Strukturen offréiert kréien. An all Fall géing individuell gekuckt ginn.
Den Interview vum Mick Entringer mam Jean-Louis Zeien: