Biogasvereenegung begréisst Hausse vun Aspeisetariffer

D’Regierung huet de Freideg annoncéiert, datt den Tariff fir déi privat Bedreiwer vum éischte Januar un, em 38 Prozent klamme soll. Minettkompost, als ëffentleche Produzent, soll 8 Prozent méi kréien. “Endlech gëtt et elo en Tarif, deen et erlaabt, eenegermoosse rentabel ze produzéieren”, esou de Gaston Welbes de Moien hei op der Antenn.

De Vize-President vun der Biogasvereenegung mengt, datt Lëtzebuerg Sputt huet fir den Undeel un erneierbaren Energien ze vergréisseren. D’Ziler, déi sech bis 2020 gesat goufen, wieren awer nach esou bal net erreecht.

Den Interview vum Gilles Wunsch an der Rubrik "Invité virum Dag" mam Gaston Welbes vun der Biogasvereenegung

 

 

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen