Momentan wieren d'Investissementer a Produiten a Projeten, déi der Natur schiedegen, dräi bis siwe mol méi héich wéi dat fir naturbaséiert Léisungen de Fall wier.
Ënner dem Begrëff naturbaséiert Léisunge versteet een d'Protektioun, d'Restauréierung an d'Erhale vun natierlechen Ökosystemer. Dem UN sengem "State of Finance for Nature"-Rapport no missten déi Beräicher vill méi gefërdert ginn, fir datt ënnert anerem d'1,5-Grad-Zil nach erreecht ka ginn. Sou missten d'CO2-Emissiounen dréngend reduzéiert ginn, a méi Wäert op nohalteg Consommatioun geluecht ginn.
Investissementer mussen op 380 Milliounen US-Dollar klammen
Mee déi Transitioun funktionéiert just, wann och genuch Suen investéiert ginn, heescht et am Rapport. Momentan gi ronn 150 Milliounen US-Dollar pro Joer an naturbaséiert Léisungen investéiert. Déi Ausgabe missten dem Rapport no an den nächsten dräi Joer awer op ronn 380 Milliounen US-Dollar klammen, fir datt d'Biodiversitéit erhale ka ginn.
Aktuell ginn all dës Investissementer zu iwwer Dräivéierel vun de Regierung gemaach. De private Secteur misst säin Undeel däitlech steigeren, sou nach de Rapport. Ausserdeem ginn et eng Rei konkret Beräicher, fir déi nach net genuch gemaach géif ginn.
Sou géife just siwe Prozent vun den Investissementer an d'Protektioun vun eisen Ozeaner goen, déi géifen awer 70 Prozent vun der Äerduewerfläch duerstellen, an ronn ee Véierel vun allen CO2-Emissiounen absorbéieren.
Den Inger Anderson, Direkter vum UN-Ëmweltprogramm, weist dorop hin, datt et net just d'Erhale vun der Natur um Spill steet, mee em d'Erhale vun der Zukunft fir kommend Generatiounen. An enger Woch fänkt zu Montreal d'UN-Biodiversitéitskonferenz un. D'Zil vum UN-Ëmweltprogramm ass, d'Länner dozou ze bréngen, hir finanziell Mëttel méi op Nohaltegkeet auszeriichten.