Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Clees - Afterdance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Biobranche muss méi proaktiv vum Staat ënnerstëtzt ginn

Chronik

Biobranche muss méi proaktiv vum Staat ënnerstëtzt ginn

De Secteur vun der Biolandwirtschaft an de Biogeschäfter stagnéiert am Moment zu Lëtzebuerg. Och am Ausland ginn et Meldungen iwwer Faillitten oder ganz Bioproduit-Chaînen, déi mussen zoumaachen. Wann d'Biobranche wierklech soll ofhiewen, muss se nach vill méi proaktiv vum Staat ënnerstëtzt ginn, mengt de Jacques Ganser.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Sécherlech hunn d'Pandemie an déi aktuell héich Präisser hiren Impakt op d'Biolandwirtschaft. Dobäi kënnt, datt d'Supermarchéë vill Bioprodukter aus dem Ausland importéieren.

D'Konkurrenz ass och haart ginn op dem Marché. Dat läit awer och un der Demande: Lëtzebuerg war de leschten Zuele vun 2020 no, dat Land an Europa, an deem d'Leit mat am meeschte Sue fir Bioprodukter ausginn hunn. Dat nach hanner Dänemark an der Schwäiz.

Status quo an der Landwirtschaft muss änneren

Et besteet och praktesch e gesellschaftleche Konsens, datt d'Landwirtschaft net ka weider bedriwwe ginn, wéi se aktuell funktionéiert.

Hei gesäit een den Ament en héijen Energieverbrauch bei der Dünger-Produktioun, intensiv Véihaltung, Produktioun vu Klima-Gasen, Belaaschtung vu Buedem a Waasser mat Nitraten a Pestiziden...

Dobäi kënnt eng Agrarfläch, déi zu 75 Prozent mat Planze besat ass, déi als Véifudder agesat ginn amplaz datt Liewensmëttel drop stinn - d'EU wëll dat net, déi Lëtzebuerger Regierung wëll et och net, an och d'Gesellschaft dréit deene Produktiounsmethoden ëmmer méi de Réck.

Wéineg Argarfläch zu Lëtzebuerg ass bio-zertifiéiert

Wéi also kann et sinn, datt grad emol knapp sechs Prozent vun der Lëtzebuerger Agrarfläch bio-zertifiéiert si mat am ganzen 157 Bioproduzenten?

An dat trotz engem ambitionéierten Aktiounsplang, mat deem bis 2025 20 Prozent vun der Agrarsurface sollen no biologesche Krittären ugebaut ginn.

Den Acteuren um Terrain no, wier dat Ziel ambitionéiert awer net realistesch. Sou wéi och de ganzen Aktiounsplang gutt Usätz opweist, awer dacks vum Detail a vum Festhalen un alen Denkweise gebremst gëtt.

Wou läit de Problem?

Virop feelt et der Biolandwirtschaft un enger Veraarbechtungs- a Vermartungschaîne, déi hanner dem Produzent steet.

Ass den Ofsaz garantéiert, kann de Produzent och méi bëlleg produzéieren a präislech mat der konventioneller Agrarindustrie mathalen. Wéi et zum Beispill bei de 70.000 Restopolis-Menüen den Dag de Fall kéint sinn.

De Primmen-System misst d'Gesamtleeschtung als Biobetrib ënnerstëtzen, an net Eenzelleeschtungen. De Landwirtschaftsministère misst dee Moment och däitlech iwwer seng Roll eraus wuessen, déi momentan gréisstendeels doranner besteet, méiglechst vill Primme-Schläich zu Bréissel unzezapen.

Och de Konsument dierft net méi an d'Ier geféiert ginn, andeem Begrëffer wéi "fair", "lokal" an "Bio" muttwëlleg matenee vermëscht ginn: Eng lokal gesprëtzte Gromper bleift gesprëtzt. Si huet just manner Kilometer um Tacho - ëmmerhin dat...

Komplett Ëmdenken ass néideg

A wann et heescht, konventionell Produktioun wier méi bëlleg an nëmme si kéint d'Welt ernieren, da muss ee sech och mam sougenannten "True Cost Accounting" beschäftegen: wat kascht dee bëllege Kilo Gromperen un zerstéierter Natur an u Ressourcen?

Fir déi gesaten ökologesch a Klima-Ziler ze erreechen, muss ee komplett Ëmdenke kommen, ewech vun der intensiver Produktioun an den ëmmer méi grousse Ställ. Bio däerf da keen deieren "nice to have" méi sinn, mee et muss den neie Standard ginn.