Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU: No bausse méi staark wéi no bannen

Bilan Eu-Sommet

EU: No bausse méi staark wéi no bannen

Op hirem EU-Sommet hunn d'EU-Staats- a Regierungscheffen Unitéit bewisen: solidaresch mat Groussbritannien géint Russland a gëeent am Kampf géint amerikanesch Stroftaxen. Wat intern Mesuren ugeet, geet et manner séier virun. Lëtzebuerg probéiert iwwerdeems seng eegen Interêten ze verdeedegen. De Grand-Duché weist sech awer méi kompromëssbereet bei de Steiere géint Internet-Entreprisen.

auto_stories

4 min

D'EU weist sech staark no baussen: Trotz Brexit hu sech déi 27 EU-Memberlänner ganz däitlech hannert Groussbritannien gestallt an d'Gëft-Attack zu Salsbury mat erstaunlech däitleche Wierder condamnéiert.

Fir d'Dot gëtt Russland als "héchstwahrscheinlech" responsabel gemaach. Déi britesch Premierministerin war zefridden: "Et geet hei drëm, datt mir zesumme stinn an eis Valeure géint déi russesch Menace verdeedegen", sou d'Theresa May.

Russland héchstwahrscheinlech responsabel

Lëtzebuerg wollt Russland net ouni Beweiser condamnéieren an fir d'éischt emol nolauschteren. Dat sot de Premier Xavier Bettel virun der Reunioun. Dono war hie genee wéi déi aner iwwerzeegt. Et géif keng aner Méiglechkeet wéi déi, datt Russland un där Attack bedeelegt war, ginn, sou de Premier. Dowéinst wier decidéiert ginn, den EU-Ambassadeur vu Moskau op Bréissel ze bestellen, zu Consultatiounen.

Dat war eng Victoire fir déi britesch Premierministerin Theresa May. Vläicht war dat jo och de But, si op deem Wee e bëssen ze stäerken, fir d'Diskussiounen iwwer de Brexit, déi si doheem erwaarden.

Gëeent am Kampf géint Stroftaxen

Och an engem aneren Dossier krut déi britesch Premierministerin kuerz virum Austrëtt vu Groussbritannien nach eng Kéier gewisen, wou d'EU Stäerkt weise kann. Well wann et ëm d'Interête vun der europäescher Wirtschaftsmuecht par Rapport zu den USA geet, hält een och zesummen.

Et wier Zäit ginn, Unitéit ze weisen, sot nom Sommet de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Am Dossier vun den amerikanesche Strof-Tariffer, vun deenen d'EU elo ausgeholl ass, géif et ëm méi wéi ëm Stol oder Aluminium goen, sou de Jean-Claude Juncker. Et géif och ëm d'Exporter vun Agrarproduiten, do wier net alles esou, wéi et misst sinn.

Drock op Lëtzebuerg

Och d'EU-Staats- a Regierungscheffe gi sech kämpferesch. De franséische President Emmanuel Macron sot, et sollt een elo keng Schwächt weisen an all d'Secteure kucken. Kämpferesch gi sech verschiddener och, wann et drëm geet, en neie Steiersystem fir Internet-Entreprisen anzeféieren.

Eng Mesure, vun där eng ganz Partie amerikanesch Entreprisë betraff wieren. Frankräich ass dofir, déi kuerzfristeg Mesuren anzeféieren, déi d'Kommissioun proposéiert huet, seet den Emmanuel Macron.

Éisträich wëllt Drock op déi Länner maachen, déi net iwwerzeegt sinn, dat sot de Bundeskanzler Sebastian Kurz. Gemengt ass ënner anerem Lëtzebuerg, dat liicht manner energesch optrëtt, wéi nach am Oktober zejoert. Deemools sot de Premier Xavier Bettel virum EU-Sommet, hie géif insistéieren, datt dës Steier d'Kompetitivitéit vun der EU par Rapport zu den USA a Fro stelle géif.

Lëtzebuerg manner kämpferesch

Den Asaz hat sech gelount. Zum Schluss stoung an de Conclusiounen, d'EU sollt keng Mesuren huelen, déi net kompatibel si mat deem, wat um Niveau vun der OECD diskutéiert gëtt. Lëtzebuerg war deemools houfreg op deen Zousaz am Konklusiounstext.

Lëtzebuerg hätt seng Positioun net geännert, sou de Xavier Bettel nom éischten Dag vun dësem Sommet en Donneschdeg zu Bréissel. Betount gëtt awer elo virun allem, datt de Grand Duché net blockéiere wäert. De Xavier Bettel huet och mat vill Emotioun seng Sympathie fir den normale Steierzueler ënnerstrach, deen net verstoe kéint, wa verschidden Entreprisë sou wéineg Steiere bezuelen. "Ech hunn domat ee Problem, dat z'erklären", sou de Premier.

Ganz wäit ass een awer och op dësem Sommet an dësem Dossier nach net komm. Dat nämmlecht gëllt fir d'Reform vun der Eurozon.

Et wier ee gutt dran, d'Sujete vun engem Sommet op deen nächsten ze vertagen, sot de Jean-Claude Juncker: "Am Mäerz decidéiere mir ëmmer, datt mir am Juni drop zeréckkommen, an am Juni soe mir, mir géifen am Oktober nees driwwer schwätzen."

Juncker: Wa jiddereen eppes erauspickt, dauert et méi laang

Net vertagt gouf de Brexit-Dossier. Ganz séier war ee sech eens iwwert en Text, deen déi grouss Linne vun den nächsten Etappe festleet.

Lëtzebuerg hat sech zesumme mat Frankräich dofir agesat, datt d'Finanzservicer an enger Annexe vun engem aneren, juristesch contraignanten Text ernimmt ginn. Dat hat geklappt, an doriwwer huet sech de Xavier Better gefreet.

Den Ex-Lëtzebuerger Premier gesäit do och eng aner Säit vun der Medail. "Dat huet fir Lëtzebuerg sécher eng Bedeitung. Mee wann all Land sech an de Gespréicher mat den Englänner dat erauspickt, wat him konvenéiert, da gëtt et méi schwéier eng Léisung ze fannen."

Do kéint et sinn, an dat hat de Kommissiounspresident schonn eng Kéier virausgesot, datt en Vue vun de verschiddenen nationalen Interêten, déi 27 manner gëeent an déi nächst Brexit-Ronn eraginn.