Biergerinitiativ klot géint CNPD

Eng éisterräichesch Bierger-Initiativ mécht um Verwaltungsgeriicht e Recours géint déi Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun: D’CNPD hätt méiglech Dateschutzverstéiss bei Microsoft a Skype net richteg beuerteelt, sou d’Argument. Béid Konzerner, déi hiren Europa-Siège zu Lëtzebuerg hunn, dierfen der Biergerinitiativ no, keng Donnéeën vun europäeschen Utilisateuren an d’USA weider leeden: dat well den US-Geheimdengscht NSA mat sengem Iwwerwaachungsprogramm Prism direkten Accès op des Donnéeën hätt.

Des Woch huet en irescht Geriicht eng ähnlech Plainte géint d’Dateschutzautoritéit an Irland un den Europäesche Geriichtshaff viru geleet. Hei ass Facebook am Viséier. Interessant wier, sou de Max Schrems vun der Biergerinitiativ “Europe versus Facebook”, datt déi iresch Dateschutzautoritéit d’Existenz vu Prism net a Fro stellt, doranner awer kee Verstouss géint europäesch Dateschutzgesetzer gesäit. Zu Lëtzebuerg wier d’Argumentatioun genau ëmgedréint: d'CNPD hält e Programm wéi Prism fir illegal, zweiwelt awer u senger Existenz. De Bréifwiessel tëscht der CNPD an "Europe versus Facebook" fannt Dir hei.

Den Interview mam Max Schrems:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen