Bettel: "Ecrasant Majoritéit" fir Juncker

De Xavier Bettel rechent domat, datt de Jean-Claude Juncker haut um EU-Sommet mat enger “ecrasanter Majoritéit” als EU-Kommissiounspresident virgeschloe gëtt. Hien hätt mat ville Kollegen geschwat: hien hätt d’Gefill, et géif kee sech enthalen a just Groussbritannien an Ungarn géifen eventuell dogéint stëmmen, esou de Premier gëscht Owend zu Bréissel no engem gemeinsamen Owes-Iesse vun den 28 Staats- a Regierungscheffen. Gëtt et haut um zweeten Dag vum Sommet e positive Vote, muss d’Europaparlament Mëtt Juli nach gréng Lut gi fir d’Nominatioun vum Jean-Claude Juncker. Déi Deeg dono ass en europäesche Spezial-Sommet geplangt: de Xavier Bettel plädéiert dofir, datt dann all déi aner Spëtzeposte besat ginn.

De Jean-Claude Franck mat engem Bäitrag vu Bréissel:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen