Eng vun deene sechs betraffene Famillen hätt an Tëschenzäit eng Wunneng fonnt, confirméiert de Keeler Buergermeeschter Jean Weiler. Dat wier awer just e Stot vun zwou Persounen.
Fir déi aner Famille wier een nach op der Sich no Wunnengen. Hei hätt een e puer Saachen eventuell an Aussiicht, mee den Haaptproblem wier et, Wunnengen zu abordabele Präisser ze lounen, esou de Jean Weiler.
Kontrakter lafen den 11. Januar aus
Den Office social wier am Kontakt mat deenen anere Famille fir en neit Ënnerdaach ze fannen.
De Keeler Buergermeeschter geet net dovun aus, datt ee si bis den 11. Januar, wann déi aktuell Kontrakter auslafen, alleguerte relogéiert kritt. Als Gemeng géif een awer esou séier keen op d'Strooss setzen, verséchert de Jean Weiler:
"Ech hat scho Kontakt mam Escher Buergermeeschter och an den Office social hat och mat der Rëmelenger Gemeng scho Kontakt, datt mir dat awer nach eng Kéier kënne verlängeren. Dat gëtt dann all Kéier op 14 Deeg oder esou verlängert."
Dat wieren awer ëmmer nëmmen Noutlogementer, gëtt den CSV-Buergermeeschter aus der Gemeng Keel ze bedenken. Wann déi op laang Zäit besat wieren, da wiere nees keng Noutwunnengen do fir de Fall, wou eppes géif geschéien.
"Leit mussen och selwer kucke fir eppes ze fannen"
Et géif ee probéieren ze vermëttelen, mee et wier een och keng Immobilienagence, seet de Jean Weiler:
"Et ass och un de Leit selwer fir ze kucke fir eppes ze fannen. Ech mengen et ass ëmmer un de Gemenge fir hinnen ze hëllefe fir ze iwwerbrécken. Déi Iwwerbréckung ass eigentlech awer ëmmer nëmme geduecht bis d'Leit selwer och eng Wunneng fonnt hunn. Dat, wat mir maachen als Vermëttlung, ass eigentlech schonn ee Plus zu deem wat eigentlech d'Aufgab vun der Gemeng ass."
Et hätte sech iwwerdeem och Privatleit gemellt, déi Appartementer oder Haiser géife fir déi betraffe Famillen zur Verfügung stellen. Och dat wier awer alles ëmmer nëmme fir ze iwwerbrécken an domat wier de Leit och net wierklech op Dauer gehollef, esou nach de Jean Weiler.