Riicht eraus Bësch: All zéngt Bich riskéiert ofzestierwen

Wéinst dem Klimawandel steet de Bësch zu Lëtzebuerg weider ënner staarkem Drock. Bei de Fichten a Biche riskéiert all zéngte Bam ofzestierwen, sou de Frank Wolter, Direkter vun der Natur-a Bëschverwaltung. Mesurë fir eng méi douce Bësch-Gestioun wiere schonn ëmgesat ginn. De Roger Schauls vum Mouvement écologique mengt, d'Zerschneidung vun de Bëscher misst weider ofgebremst ginn.

Pierre Reyland / cbi

Roger Schauls, Frank Wolter
Roger Schauls, Frank Wolter

Wéinst der Corona-Pandemie gi méi Leit an de Bësch. Potentiell Problemer wéinst Knascht, deen am Bësch hannerlooss gëtt, oder soss Verstéiss géint d'Reegelen, hätten sech a Grenze gehalen, nodeems d'Fieschter méi Kontrolle gemaach hunn, sou de Frank Wolter, Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung.

De Bësch stäerkt den Immunsystem

Nieft dem Erhuelungswäert hätt de Bësch och konkret positiv Effekter op d'Gesondheet, huet de Roger Schauls vum Mouvement écologique erkläert.

D'Beem géife sougenannten Terpene produzéieren, an déi géifen noweislech den Immunsystem stäerken.

De Frank Wolter huet och betount: Den Inventaire iwwert d'Biodiversitéit an de Bëscher wär positiv. Dat géif ënner anerem dorunner leien, datt d'Bëscher zu Lëtzebuerg relativ al wieren, an et och vill doudegt Holz gëtt. Dat wier gutt fir d'Biodiversitéit.

Klimawandel: Negativen Impakt op de Bësch

Den Zoustand vun de Beem an de Bëscher zu Lëtzebuerg huet sech zejoert net verbessert. D'Degradatioun wier awer manner séier viru gaangen, wéi déi zwee Joer virdrun, a wier praktesch stabel bliwwen, sou de Frank Wolter.

Iwwert d'Hallschent vun de Beem an de Bëscher hei am Land wieren awer weider an engem ganz schlechten Zoustand. Dat heescht, datt an hire Blat-Kroune méi wéi 25 Prozent vun de Blieder verluer goungen, verdréchent oder krank sinn. Den Haaptgrond wier de Klimawandel, mat méi waarmen Temperaturen, a net genuch Reen, sou de Frank Wolter.

De Roger Schauls mengt awer, et wier net gutt, elo aner Zorte Beem, déi méi resistent géint waarmt an dréchent Wieder sinn, unzeplanzen.

Bichen a Fichten: All 10. Bam riskéiert ofzestierwen

Besonnesch dramatesch wier, dem Frank Wolter no, d'Situatioun vu Beem, déi riskéieren, komplett ofzestierwen. Dee Prozentsaz hätt iwwert déi lescht 20 Joer bei engem bis dräi Prozent geleeën. Bei de Fichte wier en awer elo op 11 Prozent geklommen. An bei de Bichen, den dominante Bam zu Lëtzebuerg, op 10 Prozent.

Deemno ass all zéngt Bich hei am Land no un der Limitt, fir ofzestierwen. Bei sou Beem gëtt et méi wéi 65 Prozent Blat-Verloscht. De Frank Wolter:

"Mir mierken, datt déi meescht Beem da net méi kënne reagéieren a nees gesond ginn. Dat ass dee Punkt, wou mir eis wierklech grouss Suerge maachen."

Fragmentéiert Bëscher

Zu Lëtzebuerg géif et bal kéng Bëschmassiver méi ginn, mat engem richtege Bëschklima, sou de Roger Schauls vum Mouvement écologique:

"Datt d'Bëscher zu Lëtzebuerg méi wéi een Drëttel vun der Fläch ausmaachen ass e gudden Duerschnëtt. Mee 50 Prozent vun deene Bëscher sinn eigentlech "Kulissebëscher". Dat heescht, si bedecken esou kléng zesummenhängend Flächen, datt een néierens bannendran e richtege Bëschklima kritt."

E richtege Bëschklima géif et ginn, wann ee Bësch, an all Richtung, op d'mannst ee Kilometer déif ass. Dat géif et hei am Land just nach op 11 Plaze ginn, ënner anerem am Gréngewald, oder dem Greiweldenger Bësch.

"Bësch-Stroossen"

De Roger Schauls ass der Meenung, datt bei der Bësch-Bewirtschaftung d'Bëscher weider ze vill opgerappt an zerschnidde ginn. Hie kritiséiert och déi sougenannte "Bëschstroossen", befestegt Weeër, déi gemaach ginn, fir grouss a schwéier Beem mat Camionen a gréissere Maschinne kënnen eraus ze huelen.

Doduerch géifen d'Bëscher a nach méi kléng Stécker opgedeelt, an d'Verbindungen ënnerbrach ginn, déi fir d'Resistenz vum Ökosysteem Bësch essentiell wären.

Déi befestegt Bëschweeër wieren awer néideg, seet de Frank Wolter. An den Accès, fir d'Gestioun vum Bësch, wär hautzedaags vill besser organiséiert, an hätt ee manner groussen Impakt, wéi nach viru Joren, wou bei der Exploitatioun "hott an har" duerch de Bëscher gefuer, an de Buedem vill méi verdicht gi wär, wéi elo.

Déi Bëschstrosse géifen no fënnef Joer och nees zu engem Deel zouwuessen, an da géif een se net méi gesinn, sou nach den Direkter vun der Naturverwaltung.

Gestioun a Bewirtschaftung vum Bësch

D'Regierung wier am gaangen e neit Bëschgesetz auszeschaffen. An de leschte Jore wieren och vill Mesuren, fir méi eng nohalteg Gestioun vun de Bëscher, en Place gesat ginn.

De Frank Wolter nennt als Beispiller de Klimabonus (zanter 2017), mat verstäerkter Berodung, a finanzielle Subsiden, fir d'Gestioun vun de private Bëscher. 54 Prozent vun de Bëscher zu Lëtzebuerg sinn a privatem Besëtz. Déi Bëscher si manner streng reglementéiert.

Och de Biotop-Kadaster, d'Naturschutz-Gesetz, an dee neie Klima- an Energieplang hätte Verbesserunge bruecht fir d'Gestioun vum Bësch. Sou géif zum Beispill, op Basis vu präzise Berechnungen, manner Holz aus dem Bësch eraus geholl ginn, wéi es nowiisst.

Naturbësch

D'Regierung hat sech viru Joren d'Zil gesat, datt fënnef Prozent vun der gesamter Fläch vu Bësch als Natur-Reservater solle klasséiert ginn. An sou Bëscher gëtt da guer net méi geschafft.

Den Ament wieren dat 1.500 Hektar. Eng weider 600 Hektar vu staatleche Bëscher géife geschwënn ëmklasséiert ginn. D'Gemengen, déi 33 Prozent vun de Bëscher besëtzen, wieren awer heiansdo schwéier z'iwwerzeegen, dat ze maachen, well aus klasséierte Naturbëscher keen Holz méi kann erausgeholl ginn.

Dem Roger Schauls no, misst méi Bësch ëmklasséiert an a Rou gelooss ginn. Dat och fir kënnen ze analyséieren, wéi de Bësch, wann en sech selwer iwwerlooss ass, op Klima-Ännerunge reagéiere ka fir sech ze regeneréieren. Hien ass awer och der Meenung, datt eng Holzwirtschaft bleiwe muss. Als Baumaterial wier Holz e wichtege Stockage vum klimaschiedlechen CO2.

"Doudeg" Beem stoe loossen oder Verjéngung?

Et sollt een d'Beem awer méi al gi loossen ier een ofholzt, sou nach de Roger Schauls vum Mouvement écologique. Al Beem hätten e bessert genetescht Material an et wier wichteg, datt dat weider am Bësch ausgebreet gëtt.

Hie wier och der Meenung, datt souguer Beem, déi ofgestuerwe sinn (zum Beispill Deeler vu Fichte-Bëscher) sollte stoe gelooss gonn. Och en "doudege" Bam géif ënner anerem Schied maachen, an domat derzou bäidroen, datt de Buedem net komplett verdréchent.

D'Natur- a Bëschverwaltung wär och op de Wee gaangen, fir d'Beem méi al ginn ze loossen, betount nach de Frank Wolter. D'Verjüngungsperioden, wou Bësch ewechgeholl gëtt, och fir datt nei Beem kënnen nowuessen, wieren zum Beispill verlängert ginn.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Pierre Reyland
Lauschteren

Méi zum Thema

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen