Ben Fayot : "Hunn um Wahlowend vum 25. Mee wierklech em d'LSAP gefaart"
"Déi aktiv Politiker musse sech e wéineg méi fir dat Europäescht interesséieren": dat recommandéiert de Ben Fayot. De President vun der Fondation Robert Krieps a fréieren LSAP-Deputéierten hat no den Europawahlen een Opruff lancéiert, fir eng déifgräifend Analyse vum Wahlresultat vu senger Partei. D’LSAP ass nëmmen nach op knapp 12 Prozent vun de Stëmme komm.
De Ben Fayot hofft, datt den Trend biergof ka gestoppt ginn: et géif awer enorm schwéier gi fir rëm rop ze komme, grad an Zäite vun enger Regierungsbedeelegung. De Wahlowend vum 25. Mee hätt hie wierklech ëm seng Partei gefaart, esou eng weider Ausso vum fréiere Politiker am 100,7-Interview. Et wéisst een, datt Parteien och kënne verschwannen, warnt de e Ben Fayot: hie schwätzt vu villschichtege Problemer bei der LSAP, mat Ursaachen déi déif leien.
Seng Aussoe kënnen hei am Bäitrag vum Serge Kesseler nogelauschtert ginn :