Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei Iwwerfuerderung kommen einfach Erklärungen

Attentater zu Paräis

Bei Iwwerfuerderung kommen einfach Erklärungen

Zënter den Attentater de leschte Freideg den 13. probéiere Rietspopulisten e Lien ze maachen tëschent Terroristen a Flüchtlingen. Wa mer iwwerfuerdert si fir komplex an irrational Entwécklungen ze verstoen, dann tendéieren der leider vill dozou fir sech déi einfachsten Erklärungen ze sichen, mengt de Jean-Claude Franck.

auto_stories

4 min

Jean-Claude Franck

E Flüchtling ass keen Terrorist an en Terrorist kee Flüchtling : an awer gëtt et mam Interessi um sougenannte Westen eng Gemeinsamkeet tëscht deenen zwee. Deen ee muss säin Doheem verloosse well e wéinst Krich an Honger net iwwerliewe kann, dofir reest hie forcément op eng Plaz wou hien op e bessert Liewen hofft. Deen Aneren toleréiert dat bessert Liewen net : hie wëll déi ganz Welt vu senge primitive Gedanken iwwerzeegen a baut dofir eng Roserei op op all déi Géigenden, an deenen net sou gelieft gëtt, wéi hie sech dat virstellt.

D'Flüchtlingskris kann also net als Grond dofir genannt ginn, datt de Freideg den Owend Onschëlleger brutal ëmbruecht goufen. Och wann e puer Terroriste mat wierkleche Flüchtlingen an eis Géigende koumen, dierf dowéinst näischt un der Flüchtlingspolitik geännert ginn. Et kann een net honnertdausende Leit virun der Dier sëtze loossen, nëmme well sech méiglecherweis e Verréckten ënnert si gemëscht huet. Dann dierfte mer och keng Kanner méi an d'Schoul loossen, well do kéint leider muer e Schoulkomerod e Gewier eraushuelen a ronderëm sech schéissen, sou wéi dat - och an der sougenannter ziviliséierter Welt - scho vill ze dacks geschitt ass.

Wa mer verstoe wëllen, wat den Ament geschitt, da musse mer eis an der Déift mat der Entwécklung vun eise Gesellschaften ausernee setzen. Wéi kann et sinn, datt Fundamentaliste vum Islamesche Staat därmoosse Succès hu mat hirer onlimitéierter Brutalitéit, mat hiren Usiichten, déi mer fir iwwerlieft gehalen hunn, mat hirem Haass op alles, wat anescht ass wéi si ? Wéi konnten hir Strukturen iwwert déi lescht Joeren esou staark ginn, wou kommen d'Suen hir a wat kann een dogéint maachen ?

Leider ginn et wéineg gutt Äntwerten dorop. Sécherlech ass e Krich géint den Terror, wéi den George W. Bush en no den Attentater vum 11. September 2001 ugefaang huet, net de richtege Wee. Et ginn haut net manner Terroriste wéi deemools - am Géigendeel, et gi vill kritesch Géigenden op der Welt, wou et méi Waffe wéi Iesswuere ginn, a wou d'Strukturen esou chaotesch sinn, datt kee méi weess, wien d'Soen huet. Afghanistan, Irak, Libyen... westlech Arméie waren do, hunn d'Situatioun awer just verschlëmmert.

Wann d'Marine Le Pen seet : "Il faut réarmer la France", dann huet si näischt verstan. Dobäi vertrëtt si jo gär d'Suerg vun de klenge Leit... leider denkt si dobäi just un déi, déi si och wiele kënnen. Géif si dat Konzept méi global gesinn, da léich si vläit net esou falsch. Vläit sinn et nämlech déi grouss Inegalitéiten, déi d'Welt virun eng Zerräissprouf stellen.

Eng kohärent Entwécklung vum ganze Planéit ass néideg. Dat kéint op jiddefalls en Usaz si, fir datt masseweis aarmséileg Existenze sech net méi därmossse verluer fillen, datt si hiert Gehir ausschalten a sech hannert muechtgäil Leaderen an deenen hir mënschefeindlech Gedanke stellen. Et muss alles gemaach gi fir sou Parallelgesellschaften z'evitéieren, fir Jonker opzefänke wou et nach méiglech ass, eng global sozial Politik ass néideg. Eng fair Gesellschaft iwwer d'Grenzen eraus ass d'Viraussetzung fir Toleranz a Fridden.