BCL: Kapitalerhéijung gëtt nei berechent

D’lëtzebuerger Zentralbank léisst am Moment hire Besoin un zousätzlechem Kapital ré-evaluéieren. D’Anne Brasseur, bis kierzlech Presidentin vun der Budgets-Kontrollkommissioun, huet 100,7 Informatiounen confirméiert, datt déi geplangten Kapital-Erhéijung vun der BCL, duerch extern Experten nei berechent gëtt. D’Anne Brasseur begréisst d’Iddi vun enger neutraler Analys, well dann souwuel Finanzministère an Zentralbank sech kéinten Eens ginn.

 

Am September d’läscht Joer hat den 100,7, en “avant-projet de loi” verëffentlecht, deene no d’Kapital vun der BCL soll vun aktuell 175 Milliounen Euro op 1,5 Milliard erhéicht ginn, dorënner 900 Milliounen Euro déi liberéiert wieren. Dofir wieren ongeféier 200 Milliounen Euro frëscht Kapital vum Staat néideg,...de Rescht géing duerch “Transfert vun Depôten” erreecht ginn, wat deemno de Budget vum Staat net géing affektéierten.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen