Radioen

On air

Tockcity  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Baueren-Allianz: Zilervun der Regierung sinn net onrealistesch

Landwirtschaft

Baueren-Allianz: Zilervun der Regierung sinn net onrealistesch

Wann de Konsument 100 Prozent Bio-Produkter géif froen, da géif d'Landwirtschaft och 100 Prozent bio produzéieren, esou de President vun der Baueren-Allianz op d'Kritik vun der Baueren-Zentral, datt der Regierung hiert deklaréiert Ziel a Saache Bio-Landwirtschaft net realistesch wier.

auto_stories

2 min

Bis 2025 soll d'Biolandwirtschaft jo op d'mannst 20% vun der Agrarfläch ausmaachen: de Moment sinn et gutt fënnef Prozent. Der Regierung hiert deklaréiert Ziel a Saache Bio-Landwirtschaft wier net realistesch, esou d'Kritik vum neie President vun der Baueren-Zentral Christian Wester am 100,7-Interview.

Wann de Konsument 100 Prozent Bio-Produkter géif froen, da géif d'Landwirtschaft och 100 Prozent bio produzéieren, esou reagéiert de President vun där anerer Beruffs-Organisatioun Baueren-Allianz, de Camille Schroeder.

Egal wéi een zur Bio-Landwirtschaft stéing, wier et wichteg d'Fakten ënner d'Lupp ze huelen:

"Wann ech de Beräich vun der Mëllech huelen - an dat seet d'Baueren-Allianz elo zënter 10 Joer - ass d'Realitéit leider déi, datt mer vun der ganzer Mëllechproduktioun, déi hei zu Lëtzebuerg ass, nëmme ronn e Prozent bio produzéieren. Well och nëmmen e Prozent vun deem Bio-Produkt hei vum Konsument hei zu Lëtzebuerger gefrot respektiv konsuméiert gëtt."

De gesellschaftleche Wëlle wier do, datt d'Landwirtschaft méi nohalteg soll ginn, ënnersträicht de President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, Luc Emering. Dëst ambitiéist Ziel wier duerchaus erreechbar, wann d'Promotioun, d'Veraarbechtung an de Maart konsequent géife matentwéckelt ginn.

Bei der Presentatioun vum Bio-Aktiounsplang hat de Minister Romain Schneider viru knapp engem Mount d'Etappenzil vun op d'mannst 20 Prozent Bio-Landwirtschaft bis 2025 genannt, dat heescht e Fënneftel vun der landwirtschaftlech genotzter Fläch soll nohalteg bewirtschaft ginn.