Bail Commercial: Kritik vum Françoise Hetto (CSV)

Bei der geplangter Reform vum Bail Commercial vermësst d’Françoise Hetto e wesentlecht Kärstéck fir de Schutz vum Locataire. D’CSV-Deputéiert hat e verrëschte Gesetzesprojet als fréier Ministesch selwer deposéiert. De neien Text, deen d’LSAP-Staatssekretärin Francine Closener ugangs der Woch virgestallt huet, géing d’minimal Dauer vum Bail op dräi Joer setze géint néng Joer an der éischter Virlag. Fir de Rescht géing d’Francine Closener déi meescht Punkten aus dem éischten Text iwwerhuelen.

D’CSV-Deputéiert Françoise Hetto huet donieft erkläert, datt den Affekot a President vun der “Union des propriétaires” de Me Georges Krieger hire Gesetzesprojet am Hierscht 2013 geschriwwen hat. Den Haaptintresséierten huet ons dat op Nofro hi confirméiert, mat der Präzisioun, datt hien deemools d’Initiativ vum Gesetzesprojet geholl hat. En Interessekonflikt gouf et do net, esou d’Françoise Hetto. De Me Krieger hätt deemools souwuel de Point de vue vun de Proprietairen, wéi dee vun de Locatairen an den Text erabruecht.

De Bäitrag vum Michel Delage:

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen