Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dent May - I Could Use A Miracle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Avis Ethikkommissioun Impfstrategie

Impfcampagne

Avis Ethikkommissioun Impfstrategie

Déi National Ethikkommissioun schwätzt sech an engem neien Avis géint eng prioritär Covid-Impfung fir eenzel Beruffsgruppen aus. D'Regierung hat dozou een Avis gefrot, nodeems d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP eng Priorisatioun vu systemrelevante Beruffsgruppen am ëffentlechen Déngscht gefuerdert hat. Esou eng Approche géif der Ethikkommissioun no awer eng Rei Schwieregkeete mat sech bréngen.

auto_stories

2 min

Déi sozio-ekonomesch Relevanz vun enger Verwaltung oder enger Entreprise seet der Ethikkommissioun no per se näischt iwwer d'Vulnerabilitéit vum Personal aus, och wat den Ustiechungsrisiko ugeet. D'Ausnam wieren d'Gesondheetsberuffer, där hir Prioriséierung am Kader vun der sanitärer Kris justifiéiert wier.

Mee och do hätt ee scho gesinn, datt dat ee groussen organisatoreschen Defi ass. Notammant well et net ëmmer einfach ass präzis z'ënnerscheeden, wien zum "Cordon sanitaire" gehéiert, well en effektiv a Kontakt mat vulnerabele Persounen ass. Respektiv goufen och Persounen net prioritär geimpft, well se net direkt fir e Spidol oder e Fleegeheem schaffen.

D'Ethikkommissioun setzt den Accent op d'Vulnerabilitéit

D'Ethikommissioun werft dann och d'Fro vun der Koherenz op. Wann d'Systemrelevanz als Krittär bei der Impfprioriséierung invoquéiert gëtt, da misst et am Fong fir dat concernéiert Personal och eng Obligatioun gi fir sech ze impfen oder op d'mannst ze testen. Eppes, wat d'CGFP bis ewell ofgeleent huet.

D'selwecht ewéi an hire viregten Avise plaidéiert d'Ethikkommissioun derfir, fir bei der Impfprioriséierung den Akzent op d'Vulnerabilitéit vun de Leit ze setzen. Gemengt ass domadder net just de Risiko vun engem schwéiere Krankheetsverlaf - mee eben och, ob een en däitlech méi héije Risiko huet sech oder anerer unzestiechen. Zum Beispill kéint dat gëllen, wann een dacks mat Leit a Kontakt ass, déi sech net un d'Gestes barrières halen - oder wann ee vill mat vulnerable Leit a Kontakt ass.

D'Ethikkommissioun mécht Proposë fir Ausnamen

D'Ethikkommissioun proposéiert deemno, net pauschal ganz sozio-professionell Gruppen prioritär ze impfen. Wann een trotzdeem Ausnamen zur aktueller Approche wéilt maachen, wou et op den Alter a gesondheetlech Critèren ukënnt, da kéinte Verwaltungen an Entreprisë Lëschten opsetze vu Personal, dat d'Critèrë vun enger erhéichter Ustiechungsgefor erfëllt. De Santésministère misst dann tranchéieren, ob dës Leit prioritär solle geimpft ginn.

An de Genoss vun esou enger Prioriséierung missten dann och Leit kommen, fir déi et eng Impfflicht gëtt. D'Ethikkommissioun nennt hei als Beispiller Fliigerpiloten, Séileit, Diplomaten. oder Studenten op auslänneschen Universitéiten.

Ophiewe vu sämtleche Prioriséierunge géif Risiko vu sozialen Tensioune reduzéieren

Esou eng Prioriséierung no sozio-professionelle Critèren dierft keng Diskriminatiounen tëscht Residenten a Frontaliere mat sech bréngen, esou nach eng Remark am Avis.

D'Ethikkommissioun verweist zum Schluss vun hirem Avis drop, datt aner Länner wéinst dem Fortschrëtt vun der Impfcampagne decidéiert hunn, sämtlech Prioriséierungen opzehiewen. Dat géif d'Risike vu sozialen Tensioune reduzéieren, déi duerch déi prioritär Impfung vun eenzele Secteure kéinten entstoen.