Radioen

On air

De Weekend  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Avertissement fir den Enrico Lunghi

Affär Lunghi-RTL

Avertissement fir den Enrico Lunghi

auto_stories

1 min

An der Affär Lunghi-RTL huet de Kulturminister Xavier Bettel 100,7-Informatiounen no eng Sanktioun géint den Enrico Lunghi decidéiert.

Wéinst sengem Verhalen am RTL-Interview den 13. September gëtt et een Avertissement fir de fréiere Mudam-Direkter. Dat ass déi schwächste vun den dräi méigleche Sanktiounen, déi de Regierungskommissär fir disziplinaresch Instruktiounen dem Minister viru ronn engem Mount recommandéiert hat.

De Xavier Bettel hat d’Disziplinar-Prozedur de 4. Oktober ëffentlech ugekënnegt, een Dag no der Diffusioun vun de Biller an der Emissioun "Den Nol op de Kapp". Nom Regierungsrot vum 9. Dezember hat de Xavier Bettel confirméiert, datt e Feelverhale vum Enrico Lunghi aktéiert gouf.

Den Enrico Lunghi huet viru kuerzem eng Plainte géint Onbekannt gemaach fir datt d’Wourecht an d’Responsabilitéiten an dëser Affär festgestallt solle ginn.