Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ice In My Eyes - Arpeggiator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autoshändler si rosen op d'Regierung

Autosfestival

Autoshändler si rosen op d'Regierung

De Verband vun den Autoshändler Fedamo ass net frou iwwer d'Mobilitéitspolitik vun der Regierung. Am Virfeld vum Autosfestival huet de Verband der Regierung virgeworf, si wier realitéitsfriem. Dobäi klëmmt den CO2-Ausstouss vun der Lëtzebuerger Autosflott.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Rido81

"De Lëtzebuerger Resident ass a bleift en Automobilist", huet de President vum Verband vun den Autoshändler Fedamo, de Philippe Mersch, festgestallt. Hie féiert dat op d'Rekordventen am leschte Joer zeréck. 55.008 nei ugemellten Autoen am Joer 2019 wieren e "Plebiscite fir déi individuell Mobilitéit hei zu Lëtzebuerg".

De Wee géif net um Auto laanscht féieren: et kéint a sollt keng Mobilitéitspolitik zu Lëtzebuerg gemaach ginn "ouni den Auto am Mëttelpunkt", esou de Philippe Mersch. "Alles anescht wier haut realitéitsfriem".

Et gi méi Bensinner verkaf

Bei deene villen neien Autoe geet den Undeel un de Bensinner nom Dieselskandal an d'Luucht. Well d'Bensinner méi CO2 ausstousse wéi Dieselautoen, ass d'Moyenne vun de Emissioune vun de Neiween 2019 ëm 1,3 Prozent op 133,8 Gramm de Kilometer geklommen.

Dat si schlecht Nouvellen en Vue vun den europäesche Klimaziler. Lëtzebuerg hat sech engagéiert, seng Emissioune bis dëst Joer am Verglach mat 2005 ëm 20 Prozent ze senken. En Zil, dat net erreecht wäert ginn, wéi d'Regierung viru Kuerzem an der Äntwert op eng Question parlementaire confirméiert hat. Dat well an deenen leschte Joren nees méi Sprit verkaf gouf.

Méi CO2-Emissiounen duerch SUVen

De Lëtzebuerger Resident fiert awer och gär grouss Autoen. De Philippe Mersch seet, datt vun den ZéNG meeschtverkaaften Autoen 2019 fënnef SUVen ze fanne wieren.

Déi International Energieagence hat an engem rezenten Rapport festgehalen, datt den Zouwuess u SUVen am Fuerpark weltwäit an deenen lëschten zéng Joer méi zur Steigerung vun den CO2-Emissioune bäigedroen huet, wéi d'Stol-, d'Zement- oder d'Aluminiumsindustrie.

Autoshändler: Schlechten Timing

D'Autoshändler werfen der Regierung am Kampf géint de Klimawandel awer schlechten Timing vir. Nom Dieselskandal goufen nei Norme fir d'Ofgastester ageféiert, déi méi no bei der Realitéit solle sinn.

Zu Lëtzebuerg gëllen dës Norme vum 1. Mäerz un a fir deen nämmlechten Auto mat de nämmlechten Ofgase mussen aner Steiere bezuelt ginn, jee nodeems ob ee virdrun oder dono ugemellt gëtt. Déi Augmentatioun hätt en "immensen Impakt" an d'Autoshändler wieren net iwwerzeegt, datt et d'Leit dozou géif bréngen, fir méi ëmweltschounend Autoen ze kafen, seet de Philippe Mersch.

De Philippe Mersch ass President vun der FEDAMO. Foto: Archiv

D'Händler fannen den Timing och schwiereg, well d'Konstrukteuren hir Gamm un elektreschen Autoen an Hybriden eréischt an deenen nächsten zwee Joer richteg ausbauen, wéi de Marc Devillet vun der Fedamo sot. Et géif ee mat tëschent 80 an 200 neie Modeller rechnen, déi an den nächste 24 Méint op de Maart komme sollen. Bis elo wier den Interêt éischter kleng an de Marché wier op e puer Marke limitéiert gewiescht.

Wéi eng Zukunft fir Elektromobilitéit?

Dat géif sech elo änneren, well d'EU d'Konstrukteure forcéiert si fir den duerchschnëttlechen CO2-Ausstouss vun hirer Gamme vun dësem Joer un op 95 Gramm ze senken.

De Manuel Ruggiu vun der SNCA ass optimistesch, wat d'Elektromobilitéit ugeet: hie rechent domat, datt d'nächst Joer ganz vill elektresch Autoen op de Marché kommen. D'nächst Joer kéint "e grousst Rekordjoer fir Elektroautoe ginn".

De Philippe Mersch ass awer skeptesch bliwwen, wat d'Elektroautoen ugeet. Si géifen den Ament 2,5 Prozent um Fuerpark ausmaachen. D'Regierung hätt d'Ambitioun bis 2030 en Total vun 49 Prozent zu Lëtzebuerg ze hunn, an d'Autoshändler géifen et begréissen, wann et "méi realistesch Objektiver" géife ginn.

Fir déi Entwécklung zur Elektromobilitéit ze begleeden, misst de Secteur enorm Investissementer maachen, déi awer "zum Deel existenzbedroend" wieren, esou de President vun der Fedamo.