Autorisatioun fir Gudronsfabrik an der Industriezone Monkeler

Rechtlech huet de Staatssekretär fir Nohaltegkeet an Ëmwelt d’Autorisatioun fir d’Gudrongsfabrik um Monkeler misse ginn, dat seet am 100,7 Interview de Francis Hengen vum Mouvement écologique. D’Ëmwelt-ONG iwwerpréift awer op se eventuell Recours géint déi Décisioun areecht. Datt aner Betriber, déi iwwer Joren an der Industriezone Monkeler net “en règle” waren, hier Situatioun elo just misste regulariséieren, versteet de Francis Hengen awer net. Do hätt ee sech bei der Emwelt-ONG aner Konsequenze vum grénge Politiker Camille Gira erwaart. Kritik gëtt et och un de Geméngen Esch, Monneresch a Schëffléng: engersäits wat Ëmweltkontrollen um Monkeler ugeet, an anerersäits wat PAG’en betrëfft déi et erméiglechen Industrie’en esou no un Wunnhaiser ze bauen.

Den Interview vum Mick Entringer mam Francis Hengen:

[audio mp3=http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-02-16-me-Interview-Francis-Hengen-Monkeler.mp3][/audio]

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen