Automateschen Informatiounsaustausch : Gramegna "net iwwerrascht" iwwer d'Schwäiz
“Lëtzebuerg huet am Mäerz um EU-Conseil richteg gehandelt” – sou kommentéiert de Finanzminister Pierre Gramegna op eis Nofro hinn de Fait, datt d’Schwäiz sech des Woch kloer dozou bereet erkläert huet den automateschen Informatiounsaustausch nom internationale Standard vun der OECD anzeféieren.
De Pierre Gramegna seet, hie wier vun deem Schrëtt net iwwerrascht well seng Schwäizer Homologin bei enger Entrevue schonn entspriechend Aussoen gemaach hat. Lëtzebuerg hätt dowéinst seng Positioun an der EU gelackert an enger Erweiderung vun der Zënsbesteierungsdirektiv zougestëmmt.
D’EU wëll den automateschen Informatiounsaustausch iwwert de Wee vun zwou Direktiven fir méiglechst vill Finanz-Produiten aféieren. Zum Risque datt et dono verschidde Standarden fir den Austausch vun Informatiounen tëscht de Steierverwaltungen gëtt, seet de Finanzminister:
Fréistens am Summer sollen déi Lëtzebuerger Banke gewuer ginn, wéi vill si am Kader vun der europäescher Bankenunioun an dee gemeinsame Resolutiounsmechanismus mussen abezuelen, sou de Pierre Gramegna. Deen Ament réischt wéilt d’EU-Kommissioun hier Direktiv op den Dësch leeën, déi de Berechnungsschlëssel fir d’Contributiounen an dee gemeinsame Fong festleet.
Zu Lëtzebuerg wäerte sechs grouss Banken an dee Fong mussen abezuelen, dorënner d’Spuerkees an d’RBC. Bis ewell war vun enger Contributioun vun 300 Milliounen Euro iwwert en Zäitraum vun 10 Joer rieds gaangen. Eventuell kéint dee Bäitrag awer méi grouss ginn, sou de Finanzminister: